Carlos Santana

amerikanesche Museker

De Carlos Augusto Santana Alves, gebuer den 20. Juli 1947 zu Autlán de Navarro, Jalisco, Mexiko) ass en US-amerikanesche Museker a Gittarist vu mexikaneschen Originnen, deen d'Rockmusek duerch dee vun him entwéckelte Stil, de Latin Rock, ëm eng Variant méi räich gemaach huet.

Carlos Santana
Gebuertsnumm Carlos Humberto Santana Barragán
Gebuer 20. Juli 1947
Autlán de Navarro
Nationalitéit Mexiko, USA
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Komponist, Jazzgittarist, Gittarist
Member vun Santana
Famill
Bestuet mat Cindy Blackman
Kanner Salvador Santana

Hien huet schonn als Kand Gittar gespillt an 1965 d'Santana Blues Band gegrënnt. Domat gouf en zu San Francisco a ronderëm, wéinst hirem onverwiesselbare Stil, enger Mëschung aus Rock'n'Roll, Blues a latäinamerikanesche Rhythmen, bekannt; e Stil, deen haut Latin Rock genannt gëtt.

1969 koum seng éischt LP Santana eraus, an dat selwecht Joer ass e mat senger Band um Woodstock Festival opgetrueden. Dat Joer drop koum den zweeten Album Abraxas eraus, mat bekannte Stécker drop wéi Samba Pa Ti, Oye Como Va (vum Tito Puente) a Black Magic Woman (vum Peter Green). E gouf 4 milliounemol verkaaft. 1971 koum Santana III no, an 1972 e Livealbum mam Buddy Miles (ouni seng Band). Och Caravanserai (1973) gouf e Succès.

1972 huet hie sech mam John McLaughlin a sengem Mahavishnu Orchestra zesummegedoen. An de Joren duerno koume weider Alben eraus, mat ëmmer mol nees neie Bandmemberen.

1999 hat e mat senger Band mam Album Supernatural e Come-Back, a krut, nieft dem kommerzielle Succès aacht Grammyen.

Weider Albe koumen am Laf vun den 2000er Joren eraus.

Um Spaweck änneren

Commons: Carlos Santana – Biller, Videoen oder Audiodateien