De Carlos Ruiz Zafón, gebuer de 25. September 1964 zu Barcelona a gestuerwen den 19. Juni 2020 zu Los Angeles,[1] war e spuenesche Schrëftsteller a Journalist.

Carlos Ruiz Zafón
Gebuer 25. September 1964
Barcelona
Gestuerwen 19. Juni 2020
Los Angeles
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Romancier, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur

Mat 30 Joer ass de Carlos Ruiz Zafón op Los Angeles ausgewandert, fir do als Schrëftsteller ze liewen. Hie war och Journalist fir El País a La Vanguardia.

1993 koum säin éischte Roman, El príncipe de la niebla, eraus, dee sech eng 150.000 Mol verkaaft huet. Duerno huet hien dräi weider Jugendbicher publizéiert. Säi fënneft a wuel bekanntst Wierk ass La sombra del viento, dat 2001 erauskoum, an dat a 36 Sproochen iwwersat a ronn 10 Millioune mol verkaaft gouf.

Wierker änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Carlos Ruiz Zafón – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Spanischer Schriftsteller Carlos Ruiz Zafón ist tot." zeit.de, 2020-06-19