De Carl Ludwig Willdenow, gebuer zu Berlin den 22. August 1765, an och do gestuerwen den 10. Juli 1812, war en däitsche Botaniker an Apdikter.

Carl Ludwig Willdenow
Gebuer 22. August 1765
Berlin
Gestuerwen 10. Juli 1812
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Apdikter, Botaniker, Pteridolog, Universitéitsprofesser, Mykolog, Dokter, Naturalist
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

Nodeem hie fir Apdikter geléiert hat, huet hien e Studium als Botaniker a Medezinner op der Universitéit vun Halle gemaach. Hie krut do 1789 säin Doktertitel an der Medezin.

Vun 1801 bis zu sengem Doud, war hien Direkter vum botanesche Gaart zu Berlin.

Hien huet vill Planzen aus Südamerika ënnersicht déi den Alexander von Humboldt matbruecht huet. Säin Herbarium ëmfaasst méi wéi 20.000 Planzenzorten.

E puer vu senge Wierker änneren

  • Florae Berolinensis prodromus (1787)
  • Grundriß der Kräuterkunde (1792)
  • Berlinische Baumzucht (1811)
  • Linnaei species plantarum (1798-1826, 6 Bicher)
  • Anleitung zum Selbststudium der Botanik (1804 ; 4. Aufl. 1832)
  • Enumeratio plantarum horti regii botanici Berolinensis (1809)
  • Hortus Berolinensis (1816)

Planzen déi säin Numm hunn änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Carl Ludwig Willdenow – Biller, Videoen oder Audiodateien