Carl Bremiker

däitschen Astronom a Geodet

De Carl Bremiker gebuer den 23. Februar 1804 zu Hagen a gestuerwen de 26. Mäerz 1877 zu Berlin war en däitschen Astronom a Geodet.

Carl Bremiker
Gebuer 23. Februar 1804
Hagen
Gestuerwen 26. Mäerz 1877
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom

Hien hat en Doktertitel a war Assistent vum Johann Franz Encke. De Bremiker hat doriwwer eraus de Koméit C/1840 U1 entdeckt, dee spéider säin Numm krut. Fir dës Entdeckung krut hien am Joer 1840 de Lalande-Präis.

De Bremiker war Co-Auteur vun der Logarithmentafel Vega-Bremiker a – bis zu sengem Doud – Editeur vum däitschen Nautesche Joerbuch souwéi vum franséischen „Annuaire nautique...“. De Bremiker war als Geometer bei der rheinesch-westphälescher Landesvermiessung beschäftegt, a spéider Mataarbechter um Berliner astronomesche Joerbuch souwéi Inspekter vun der "Plankammer im preußischen Handelsministerium", an zanter 1868 Sektiounschef am preisesche geodeteschen Institut.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren