De Caracalla, gebuer als Lucius Septimius Bassianus de 4. Abrëll 188 zu Lugdunum (wat haut Lyon ass), a gestuerwen den 8. Abrëll 217 a Mesopotamien, war vun 211 bis zu sengem Doud réimesche Keeser. Säin offizielle Keesernumm war Marcus Aurel(l)ius Severus Antoninus. De Spëtznumm "Caracalla" geet op eng Zort Pelerine mat deem Numm zeréck.

Caracalla
Gebuertsnumm Lucius Septimius Bassianus
Gebuer 4. Abrëll 188 jul.
Gestuerwen 8. Abrëll 217 jul.
Doudesursaach Stéchwonn
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker, Monarch

Dem Caracalla säi Papp Septimius Severus, de Grënner vun der Severer-Dynastie, huet hien 197 zum Matherrscher ernannt. Wéi säi Papp de 4. Februar 211 gestuerwen ass, gouf de Caracalla, zesumme mat sengem klenge Brudder Geta, Nofollger. Schonn am Dezember 211 huet hien de Geta ermuerde gelooss, an huet duerno e Massaker vun den Unhänger vum Geta ordonéiert. Zanterhier huet hien als Alengherrscher regéiert.

Wéi scho virdru säi Papp huet de Caracalla sech virun allem ëm militäresch Besoine gekëmmert an huet d'Zaldote begënschtegt.

Bei der Virbereedung vun enger Campagne géint d'Parther gouf e vun enger klenger Grupp vu Verschwörer, aus perséinleche Motiven, ermuert.

Hien ass allgemeng haut bekannt fir de Bau vun de Caracalla-Thermen a fir d'Constitutio Antoniniana, en Edikt vun 212, dat bal alle fräie Bewunner am Räich d'réimescht Biergerrrecht zougestanen huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Caracalla – Biller, Videoen oder Audiodateien