E Canticum (Mz. cantica, vu lat. canticum - Gesang) ass e poetesche Gebietstext aus der Bibel deen net aus dem Buch vun de Psalme staamt. Inhaltlech sinn d'Cantica awer kaum verschidde vun de Psalmen, et geet ëm Luef, Freed, Trauer etc. Et gëtt Cantica am alen an am neien Testament.

D'Cantica aus der Bibel gi virun, an am Stonnegebiet gesongen oder gebiet. Dobäi gëtt deenen dräi aus den Evangelien eng besonnesch Bedeitung zougemooss, dëst sinn, allen 3 aus dem Lukasevangelium, de Benediktus, de Magnificat an den Nunc dimittis.