Canal d'Accolay
Schëffskanal a Frankräich
De Canal d'Accolay och nach Branche de Vermenton ass e klengen Niewekanal vum Canal du Nivernais am Departement Yonne a Frankräich.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Cure (riets) nieft dem Kanal zu Accolay | |||||
Land | Frankräich | ||||
Ufank | Hafe vu Vermenton op der gestauter Cure 47° 39’ 48,87’’ N 03° 43’ 35,21’’ O | ||||
Enn | La Noue Sainte-Pallaye Uschloss Canal du Nivernais 47° 40’ 03.44’’ N 03° 40’ 39,80’’ O | ||||
Eegenschaften | |||||
Aktuelle Statut | A Betrib fir Tourismus | ||||
Längt | 4,000 km | ||||
Héicht Ufank | 119 m | ||||
Héicht Enn | 113 m | ||||
Gabarit | CEMT-Klass I (38,50 m × 5,10 m) | ||||
Déifgank | 1,20 m | ||||
Fräi Héicht | 2,70 m | ||||
Gebrauch | Verbindungskanal | ||||
Infrastrukturen | |||||
Schleisen | 2 + 1 Porte de garde | ||||
Geschicht | |||||
Bau | Enn 19. Joerhonnert | ||||
A Betrib geholl | idem |
De véier Kilometer laange Kanal huet säin Ufank zu Vermenton wou haut e Yachthafen op der gestauter Cure ass. E féiert vun do aus a Richtung Westen iwwer Accolay, wou eng Halt fir Schëffer ass, bis op de Lieu-dit La Noue an der Gemeng Sainte-Pallaye. Do stéisst en am rechte Wénkel, tëscht de Schleisen N° 70 (de St. Aignan) an N° 71 (du Maunoir) vu riets op de Canal du Nivernais.
Den Haapzweck beim Bau vum Kanal war fir Holz aus dem Morvan bis op Paräis ze fléizen.