Camille Wagner-Rollinger

lëtzebuergeschen Ekonomist
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ekonomist an Zoolog Camille Wagner. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Camille Wagner.

De Camille Wagner oder Camille Wagner-Rollinger, gebuer den 12. Juni 1900 zu Bréissel[1], gestuerwen am Joer 1986[2], war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Lepidopterist.

Camille Wagner-Rollinger
Gebuer 12. Juni 1900
Bréissel
Gestuerwen 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Lepidopterolog
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal

Studien a Beruff änneren

No der Première am Atheneum huet de Camille Wagner vun 1919 bis 1923 Ekonomie zu Léck studéiert, wou hie seng « Licences en sciences commerciales, consulaires et financières» gemaach huet. 1930 huet hie säin Doktorat a seng Agregatioun an der politescher Ekonomie an an de moderne Sprooche gemaach, och zu Léck.[1] D'Thes, mam Sujet « La sidérurgie luxembourgeoise sous les régimes du Zollverein et de l'Union économique belgo-luxembourgeoise », ass 1931 zu Lëtzebuerg als Buch vun 207 Säiten, gedréckt vun der Imprimerie Artistique Luxembourgeoise, erauskomm. Vun 1931 bis 1946 huet Camille Wagner zu Léck als Professer a der « École des Hautes Études commerciales et consulaires » an an der « École normale pour instituteurs » enseignéiert. 1947 ass hien zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hie verschidde Lécker Stolfirmae vertrueden huet.[1]

De Camille Wagner huet vun elo un an der Stad Lëtzebuerg gewunnt. Nodeems hie wärend zwanzeg Joer Generalsekretär vun der « Fédération des relamineurs du fer et de l'acier de la CECA » (FEDEREL-CECA) a permanenten internationalen Delegéierte bei der CECA zu Lëtzebuerg an duerno bei der Europäescher Kommissioun zu Bréissel war, ass hien 1973 mam Titel « Directeur honoraire de la FEDEREL-CECA » an d'Pensioun gaangen.[1]

De Päiperleksfuerscher änneren

De Camille Wagner war e begeeschterte Lepidopterist, dee schonn 1918 als jonke Mënsch an der däitscher « Entomologische Zeitschrift », déi zu Frankfurt am Main erauskoum, seng éischt Artikele publizéiert huet: « Einiges über Hemaris scabiosae »[3] an duerno « Erlebnisse mit Limenitis populi und Apatura iris »[4].[5]

Seng spéider lepidopterologesch Publikatiounen am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), an den « Archives » vum Institut grand-ducal, an der belscher Zäitschrëft Linneana Belgica asw. huet de Camille Wagner, dee mat der Charlotte Rollinger bestuet war[6], mat Wagner-Rollinger signéiert. Säin Haaptwierk ass sécherlech d'Artikelserie « Les Lépidoptères du Grand-Duché de Luxembourg (et des régions limitrophes)», déi vun 1950 u bis 1979 an den «Archives » vum Institut grand-ducal publizéiert gouf; an de Joren duerno koumen nach e puer Supplementen no.

De Camille Wagner war Member vun der SNL. Hie war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal (vun 1957 un[7]), a vun der Section des sciences morales et politiques an der Section de linguistique.[1]

Literatur änneren

  • Anonyme, 1983. Heureux anniversaire ! Docteur Camille Wagner-Rollinger. Lujana 1 (2), S. 32-36 (Luxembourg).
  • Saussus, R., 1980. Heureux anniversaire: le Dr Camille Wagner-Rollinger a 80 ans. Linneana Belgica 8 (3), S. 123-125.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Saussus 1980.
  2. Massard, J.A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Les Publications Mosellanes, Luxembourg, S. 422.
  3. Entomologische Zeitschrift Jg. 32 (1918/19), Nr. 12 (14. September 1918), S. 45. [1]
  4. Entomologische Zeitschrift Jg. 32 (1918/19), Nr. 14 (12. Oktober 1918), S. 54-55. [2]
  5. Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 149.
  6. Cf. Luxemburger Wort 1928, Nr. 366 (31. Dezember), S. 4 (avis mortuaire: Mme Joseph Rollinger). [3]
  7. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NF 24 (1957), S. 6 (séance du 31 janvier 1957)