De Jacob Abraham Camille Pissarro, gebuer den 10. Juli 1830 zu Charlotte Amalie, deemools Kolonie Dänesch-Westindien, a gestuerwen den 12. November 1903 zu Paräis, war e bedeitenden a produktive franséische Moler vum Impressionismus.

Camille Pissarro
Gebuertsnumm Jacob Abraham Camille Pissarro
Gebuer 10. Juli 1830
Charlotte Amalie
Gestuerwen 13. November 1903
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Dänemark
Aktivitéit Bauzeechner, Graveur, Moler, Graphiker
Famill
Kanner Félix Pissarro

Hie gouf als Jong vun enger wuelsituéierter jiddescher Famill gebuer an ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet duerno bei sengem Papp op den Antille geschafft. Mat 21 Joer huet hie säin Elterenhaus verlooss fir sech d'éischt a Venezuela a vun 1855 zu Paräis sech nëmmen nach der Konscht ze widmen.

Als ee vun deenen eelere vun de franséischen Impressionisten hat hie frëndschaftlech Bezéiunge mam Paul Cézanne, Claude Monet, Paul Gauguin a mam Vincent van Gogh.

De Pissarro huet virun allem Landschaften, Portraiten a Biller vu Stied an Häfe gemoolt, woubäi hien dacks op d'Technik vun der Lithographie zeréckgegraff huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Camille Pissarro – Biller, Videoen oder Audiodateien