Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Cabrio gëtt en Auto genannt deem säi Karosserieopbau sou gemaach ass, datt een den Daach erop- oder erofklappe kann, oder den Daach an engem Stéck erofhuelen an nees dropsetze kann.

Mercedes-Benz C200 Cabriolet

De Begrëff Cabrio ass de Kierzel vu Cabriolet, dee grad sou wéi de Break, den Omnibus, de Phaeton, de Buggy an de Coupé, vun den Autosconstructeuren aus dem Kutschebau mat iwwerholl goufen.

Cabrioe ginn am lëtzebuergesche Sproochgebrauch och nach en decapotable genannt, dëst, well den duchenen Daach, d'Capote, konnt erofgeholl ginn.

Dat huet fréier alles misse manuell gemaach ginn. An der Lescht sinn e puer Autosmodeller um Maart, déi entweeder en haarden Daach aus Metall oder Konschtstoff, oder en duchenen Daach hunn, deen automatesch, oder hallefautomatesch kann an d'Mall versenkt ginn.

Am Fall vum haarden Daach gëtt hautdesdaags vun engem Hardtop, an am Fall vun engem duchenen, vun engem Softtop geschwat.

Um Spaweck änneren

Commons: Convertibles – Biller, Videoen oder Audiodateien