C/2001 Q4 (NEAT)
De Koméit C/2001 Q4
Orbittyp hyperbolesch
Perihel 0,962 AE
Numeresch Exzentrizitéit 1.00069
Perihelduerchgank 15. Mee 2004
Ëmlafvitess 58,92 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker NEAT
Entdeckungsdatum 24. August 2001
Aner Bezeechnungen

De Koméit C/2001 Q4 hat en ongewéinlechen, bal vertikale retrograden Orbit am Sonnesystem, deen hien op e südleche Pad an de bannenzege Sonnesystem bruecht hat.

Laang Zäit war hien an der Géigend vum südlechen Himmelspol ze gesinn. Am Joer 2004 hat een op der Südhallefkugel d'Geleeënheet ze gesinn, wéi de Koméit ëmmer méi hell ginn ass, wéi hien dem Perihel ëmmer méi no koum. Ufanks Mee war de Koméit a Richtung Norde gewandert a gouf am Maximum op der Nordhallefkugel gesinn.

De Koméit gouf de 24. August 2001 vum Near Earth Asteroid Tracking Program (NEAT) entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

 
C/2001 Q4 zesumme mam Oppene Stärekoup Messier 44 (lénks ënnen)