Bryggen (Norwegesch: de Quai, Uleeplaz fir Schëffer) oder Tyskebryggen e Staddeel vun der norwegescher Agglomeratioun Bergen. Do ware fréier d'Hanse-Commerçanten établéiert. Bryggen läit, op der Ostsäit vum Hafen, un der Vågen-Bucht.

De Statdeel Bryggen mat senge Gebaier am Wikingerstyl
Déi faarweprächteg alignéiert Haiser vu Bryggen aus aler Zäit
Bannenhaff zu Bryggen
Haiserfassaden
Haiserfassaden

Nodeem am Joer 1070 d'Stad Bergen gegrënnt gi war a si sech ëmmer méi zu enger Handelsplaz fir Fësch aus dem Norden a Fruucht aus dem Süden entwéckelt hat, huet d'Hanse sech do établéiert. Dës Hansekontore sinn der Hansestad Lübeck ënnerstallt. Am Joer 1365 gouf du Tyskebryggen an de sougenannten Hansetag agegliddert. De Bryggener Hansekontor, den aus méi wéi zwanzeg uneneegereiten Häff bestanen huet, ass du séier zu engem komplette Wunn- an Handelsvéirel ausgebaut ginn. Um Héichpunkt vun dëser Entwécklung hunn déi däitsch Handwierker a Commerçanten ee Véirel vun allen Awunner vu Bergen ausgemaach. Leider si 1702, bei engem grousse Brand, bal all dës Haiser, déi aus Holz gebaut waren, zerstéiert ginn.

Ënner UNESCO-Protektioun änneren

Bryggen steet zanter 1979 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Bryggen – Biller, Videoen oder Audiodateien