Brunello di Montalcino ass zanter 1980 en DOCG (Garantéiert Originnbezeechnung) fir rout Wäiner aus der Provënz Siena an der Toskana, déi aus Wéngerten op den Hiwwelen ëm Montalcino kommen. Déi ennzeg autoriséiert Rief ass de Brunello eng regional Varitéit vum Sangiovese der Haaptriefzort aus der Toskana. D'Wéngerte leien op leemege Biedem déi mat fielsegem Gestengs duerchsat sinn an déi do Galestro genannt ginn. D'Klima ass temperéiert.

Brunelloriewen

D'Wäiner däerfen eréischt no fënnef Joer Lagerung (sechs fir de Riserva), dovun zwee a Holzfässer, op de Maart kommen. Si hunn a staarke Geschmaach mat vill Corps an hale sech bei gudder Lagerung ganz laang.

D'DOC Rosso di Montalcino gëtt fir Wäiner gebraucht déi aus de selwechte Wéngerte kommen, déi awer schonn no engem Joer Lagerung kënnen an den Handel kommen.