Bréck vu Visé (N618)
D'Bréck vu Visé ass eng Stroossebréck zu Visé an der belscher Provënz Léck déi iwwer d'Meuse féiert.
Et ass eng Boubréck déi aus véier Béi besteet an am arméiertem Bëtong gebaut ass. Iwwer d'Bréck féiert d'N618. Si ass ronn 200 Meter laang.
Am lénkse Bréckepilier war eng Observatiounskasematt agebaut ginn, de PL7 op der Verdeedegungslinn Pontisse-Lixhe vum Lécker Festungsrank
Hir Nopeschbrécken iwwer d'Meuse sinn:
- D'Däitsch Bréck
- D'Robinsonbréck déi vum lénksen Uwänner op d'Robinsoninsel féiert.
- D'Bréck vun Argenteau
Nopeschbréck um Albertkanal ass d'Bréck vun Haccourt.