Bréck vu Gréiwemaacher (1955)

Bréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Gréiwemaacher zu Lëtzebuerg a Wellen an Däitschland

D'Bréck vu Gréiwemaacher vun 1955 war eng Bréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Gréiwemaacher zu Lëtzebuerg a Wellen an Däitschland. Zu Lëtzebuerg huet se um Uwänner vun der Musel iwwer d'Nationastrooss 10, an an Däitschland iwwer d'B419, déi och do Uschloss iwwer zwou Rampen un d'Bréck hat gefouert. Den Uschloss un d'Bréck gouf zu Lëtzebuerg vun der N10A gemaach.

Bréck vu Gréiwemaacher
(1955)
D'Bréck vu Gréiwemaacher am Mee 2006
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Gréiwemaacher
Wellen
Koordinaten 49° 40’ 32.58’’ N
      06° 26’ 37.82’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Féiert iwwer Musel
PK 212,325
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 214 m
Gréisst Iwwerspanung 46,00 m
Felder/Béi 5
Feldbreet(en) 38,00 m - 46,00 m - 46,00 m - 46,00 m - 38,00 m
Breet ± 10,00 m
Bau vum Tablier Plackentablier
Material Bëtong
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vun 1881
Bauhär Lëtzebuerger Staat
Bauzäit Fréijoer 1954 bis Dezember 1955
Opgaangen 15. Dezember 1955
Ofgerappt Mee 2013
Ersat vun Bréck vun 2013
Vue op d'Bréck

D'Bréck gouf 1954 an 1955 gebaut an huet eng al Bréck ersat déi 1881 gebaut gouf.

Déi al Bréck

änneren

Déi al Bréck vun 1881 war eng Boubréck mat flaache Béi, mat Steng gebaut a si hat eng Längt vun 203,95 Meter. Den Haaptdeel iwwer d'Musel mat 5 Béi hat 145,00 Meter. E vun de Béi op der lëtzebuergescher Säit stoung bei normalem Waassertand um Dréchnen. Op der lëtzebuergescher Säit waren nach zwéi kleng Béi déi zesummen 29,70 gemaach hunn, an déi zwéin op der däitscher Säit hate 26,25 Meter zesummen. Déi Bréck gouf am September 1944 bei hirem Réckzuch vun der Wehrmacht gesprengt.

Eng Fär als Tëscheléisung

änneren

Vum 1. Februar 1952[1] bis zur Aweiung vun der neier Bréck am Joer 1955 gouf fir de klenge Grenzverkéier eng Fär agesat, déi vun der Stad Gréiwemaacher ugeschaaft gi war. Se gouf uganks Mäerz offiziell ageweit[2]. Se stoung um Flosskilometer 212,500 an et war eng Héichseel-Pont.

Bréck vun 1955

änneren

D'Bréck vun 1955 war déi éischt Muselbréck déi nom Krich nees sollt opgebaut ginn. Well den Office des dommages de guerre eng Entschiedegung an Aussiicht gestallt hat war d'Gemeng Gréiwemaacher bestrieft fir sou séier wéi méiglech e Projet fir déi nei Bréck ze kréien. Ufanks 1953 waren d'Pläng souwäit fäerdeg an d'Stad Gréiwemaacher hätt Sue genuch gehat fir eng Bréck an der aler Form opzeriichten. Awer den Autosverkéier deen ëmmer méi staark opkoum huet no méi enger breeder Fuerbunn gefrot a se huet sech och no den Ufuerderunge vun der geplangter Muselkanaliséierung misse riichten. Dofir huet de Gemengerot gefrot datt de Staat soll déi Käschten droen, déi net vun der Krichschuedentschiedegung gedeckt géife ginn. Et blouf awer bei enger Bréck mat fënnef Felder woubäi d'Fëllementspositioun vum mëttelse Flosspilier bäibehale konnt ginn. Spéider sinn d'Schleis an d'Wier vun der Staustuf zwar net wéi geplangt op der Héicht vun der Bréck realiséiert ginn, mä 525 Meter flossop dervun.[3]

De Bau vun der Bréck gouf mat enger internationaler Soumissioun ausgeschriwwen déi den 1. Juni 1953 opgemaach gouf. Nom Cahier des charges waren obligatoresch Pläng fir d'Fëllementer vun de Pilieren a vun de Widderlagere virgesinn. Fir den Tablier konnten eege Pläng agereecht ginn. Et haten eelef Soumissionnaire matgemaach, dorënner 3 lëtzebuergesch Baufirmaen, 3 däitsch-lëtzebuergesch Aarbechtgemeinschaften, 3 däitsch an 1 belsch Firma[4]. Den Zouschlag krut de lëtzebuergeschen Entreprener Emile Nennig.

De 15. Dezember 1955 ass d'Bréck fir de Verkéier opgaangen[5]. 1956 goufen nach e puer Finitiounsaarbechte gemaach an d'Douansehaisercher gebaut.

Technesch Donnéen

änneren

D'Placke vum Tablier waren aus arméiertem Bëtong a goufen op der Plaz gegoss. D'Dunne waren aus prefabrizéiertem a virgespaantem arméierte Bëtong, a goufe vu Freysssinet international fabrizéiert.

Se war 214 Meter laang an hat follgend Feldwäiten: 38,00 m - 3 x 46,00 m - 38,00 m.

Proprietéitsverhältnes

änneren

D'Gemeng déi Proprietär vun der aler Bréck war hat schon am Mäerz 1953 de Bauteminister gefrot, fir datt de Staat sollt déi Käschte vum Neibau iwwerhuelen déi net vun den Dommages de guerre gedeckt wieren, oder d'Bréck an de Staatseegentum z'iwwerhuelen an den Neibau op Staatskäschten ze maachen. Well bei den anere Muselbrécken de Fall d'selwecht louch hate sech d'Schäfferéit vun de Gemenge Gréiwemaacher, Wuermer, Réimech a Rëmerschen zu Maacher getraf fir iwwer en eenheetlecht Virgoen an där Saach ze beroden. Si hu beschloss fir op hir Eegentumsrechter op de Brécken an op d'Enschiedegung vum Krichsschued ze verzichten wann de Statt d'Brécke géif iwwerhuelen.

Am Dezember 1954 gouf dunn d'Eegentumsrecht vun der Bréck op de Staat iwwerdroen, inklusiv zwéin Terrainen déi d'Stad Gréiwemacher zu Wellen hat, wou d'Bréck drop stoung.

Projet vun enger neier Bréck

änneren

Well d'Bréck vu Maacher ugefangen hat schappeg ze ginn, gouf virgesinn, fir eng nei Bréck dernieft opzeriichten. Déi nei Bréck soll eng Boubréck ginn, mat der Fuerbunn an der Mëtt vum Bou, a sollt mam Poussage-System gebaut ginn. D'Koordinatioun vun den zoustännege Verwaltunge gouf an engem Regierungskontrakt tëscht de Länner festgeluecht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bréck vu Gréiwemaacher.

Literatur a Quellen

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Bréck vu Gréiwemaacher (1955) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Theodor Weber an der Literatur
  2. Einweihung der Fähre von Grevenmacher In: Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 64 (04.03.1952), S. 4. (Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg)
  3. Brückenbau in Grevenmacher. In: d'Letzeburger Land, 1. Jg., nº 16 (16.04.1954), S.10. (Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg)
  4. Wiederaufbau der Moselbrücke in Grevenmacher. Gestern Eröffnung der Submissionen auf das Millionen-Unternehmen. In: Luxemburger Wort, 106. Jg., n° 153 (02.06.1953), S. 4. (Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg)
  5. Zum Brückenbau in Grevenmacher In: Luxemburger Wort, 108. Jg., n° 348 (14.12.1955), S.6 (Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg)