D'Bouchone sinn typesch Restauranten zu Lyon an an der noer Ëmgéigend vu Lyon. An deene Restaurante ginn haaptsächlech Spezialitéiten aus der Géigend vu Lyon zerwéiert, sou wéi den Tablier de Sapeur, Kniddelen, Salade lyonnaise a Cervelle de Canut, bei deenen am léifste Beaujolais a Côtes-du-Rhône gedronkt gëtt.

E Bouchon

Et gëtt ongeféier 300 Restauranten déi sech selwer Bouchon nennen.

Fir déi typescht an déi eelst ervirzehiewen, huet 1997, d'Association de défense des bouchons lyonnais e Markenzeechen erausginn mat dem Numm « Authentiques bouchons lyonnais ». Déi 22 Restauranten déi de Label kruten, erkennt een un engem Autocollant op deem de Gnafron ze gesinn ass mat engem Glas Wäin an der lénkser Hand an de Wope vu Lyon an der rietser, hanner engem Dësch mat engem karéierten Dëschelduch.

Um Spaweck änneren

Commons: Bouchonen – Biller, Videoen oder Audiodateien