Borut Pahor
sloweenesche Politiker
De Borut Pahor, gebuer den 2. November 1963 zu Postojna, ass e sloweenesche Politiker.
Borut Pahor | |
---|---|
Gebuer | 2. November 1963 |
Nationalitéit | Slowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien |
Educatioun |
Universitéit vu Ljubljana, Nova Gorica Grammar School |
Aktivitéit | Politiker, Politolog |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Hie war vum November 2009 bis den 10. Februar 2012 Ministerpresident vu Slowenien. Zanter dem 2. Dezember 2012 ass hie Staatspresident vum Land.
De Pahor huet op der Universitéit vu Ljubljana Politologie an international Bezéiunge studéiert. Tëscht 1990 an 1992 war hie Member vum sloweenesche Parlament, an 2004-2009 vum Europaparlament.
Hien ass President vun der sloweenescher sozialdemokratescher Partei.
Um Spaweck
ännerenCommons: Borut Pahor – Biller, Videoen oder Audiodateien |