B-17 Flying Fortress

(Virugeleet vu(n) Boeing B-17)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Boeing B-17 Flying Fortress (lëtz.: „Festung, déi flitt“) war e schwéiere véiermotoregen amerikanesche Bommefliger am Zweete Weltkrich. Et war dee bekanntste Bommefliger vun der US Loftwaff am Zweete Weltkrich. E war dofir bekannt, datt e meeschtens trotz schwéiere Schied aus den Asätz zeréckkoum. D'Bezeechnung Flying Fortress ass op e Comic aus de fréien 1940er Joren, „Stratosphere Jim and his Flying Fortress“ vum Oskar Lebeck a Gaylord DuBois zeréckzeféieren. D'B-17 huet hire Bäinumm kritt well se robust gebaut a mat bis zu dräizéng schwéiere Maschinnegewierer ausgerëscht war. D'komplett Besatzung vun enger Flying Fortress huet aus zéng Mann bestanen, wouvun der véier ausschliisslech d'Maschinnegewierer bedéngt hunn.

Eng B-17
Boeing B-17F
B-17 Flying Fortress
B-17 bei engem Ugrëff iwwer Europa

De Prototyp vun der Maschinn d'Boeing 299 war den 28. Juli 1935 fir d'éischt geflunn. Boeing hat zwar an den 30er Jore bei der Presentatioun vum Modell, obschonn en der Konkurenz technesch iwwerleeë, war keng Chance well e vun hiren Demonstationsmodeller erofgefall war a sou krut d'Douglas den Zouschlag fir 200 B-18 Bolo ze bauen. Den Army Air Corps ass awer mat Tester vun der B 299 weidergefuer a vun 1938 un gouf d'B-17 du fir déi amerikanesch Loftwaff gebaut. Mat ronn 12.000 gebaute Fligere war en no der B-24 Liberator den zweetmeeschtgebauten amerikanesche Bomber am Zweete Weltkrich.

Et war haaptsächlech de Modell B-17G deen am Dag spektakulär Asätz iwwer Däitschland geflunn ass, besonnesch beim Bombardement vun de Fabrécken zu Schweinfurt, bei deem allerdéngs och 120 Maschinne verluergaange sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: B-17 Flying Fortress – Biller, Videoen oder Audiodateien