Bluttbuchen zu Bouferdeng
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Déi véier bemierkenswäert Bluttbuchen zu Bouferdeng (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) stinn an enger Senk am Park riets virum Altersheem. Zesumme bilde si mat hire Kroune wéi een enzege gewaltege Bam. Wéinst hirem Gesamtandrock gehéiere se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.


Den Alter vun de Beem ass net bekannt. Ëm 2000 gouf bei deem déckste vun hinnen e Stammëmfank, op Broschthéicht, vun 3,26 m gemooss, bei enger Gesamtgréisst vum Grupp vun 28 m.
Bis elo (2008) gouf et keng verëffentlecht Foto vun dëse Bluttbuchen.
Am Park beim Altersheem (CIPA) stinn nach follgend aner bemierkenswäert Beem:
- Bluttbuch um Wues virum CIPA; si gëllt als déi imposantst vun alle Bluttbuchen zu Lëtzebuerg;
- Trauerbuch am Park hanner dem Altersheem.
Quellen Änneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. Tabell S. 240; keng Beschreiwung a keng Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 53, keng Foto).