Bluttbuch zu Bouferdeng

Dës bemierkenswäert Bluttbuch steet virum Altersheem am Park zu Bouferdeng. Si gëllt als déi schéinst Bluttbuch (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea; hêtre pourpre; Blutbuche) zu Lëtzebuerg. Si fält duerch hir gewalteg a gutt proportionéiert Kroun op. Schonn op enger Héicht vun 2 m strecke sech d'Äscht a voller Breed aus. Op enger Héicht vu ronn 1 m leeft e 'Rëss' ronderëm de Stamm, dee warscheinlech den Usaz ass wou d'Kroun opgeprafft gouf (Modert 1962).

D'Bluttbuch am Park zu Bouferdeng. Lénks d'Altersheem (CIPA). (Mäerz 2008).
D'Bluttbuch am Fréijoer, vum Altersheem aus gesinn. Am Hannergrond: d'Boufer Kierch. (Mee 2008).

D'Buch steet an enger klenger Senk déi fir si beim Bau vum Altersheem amenagéiert gouf.

D'Bluttbuch zu Bouferdeng steet um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux, an ass domat gesetzlech geschützt (arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974).[1]

Den Ëmfank vum Stamm huet folgendermoossen zougeholl:

  • 1958: 5 m (op 1,05 m Héicht);
  • 1980: 5,60 m (op 1,30 m Héicht) bei enger Gréisst vu 25 m.

Ëm 2000 gouf eng Gréisst vun 30 m gemooss.

Am Bouferdenger Park sti follgend aner al bemierkenswäert Beem:

QuellenÄnneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 80-81, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 52-53, Foto an Text).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 19, Foto S. 20).

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

FotoalbumÄnneren

 
Detail vum Opbau
 
Foto aus Modert 1962

ReferenzenÄnneren

  1. Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 17. September 2020).