Blondinka sa uglom (Блондинка за углом, "Eng Blondin um Eck") ass e russesche Film aus dem Joer 1984. E gouf 1982 realiséiert, mä ass awer wéinst der Zensur eréischt 1984 an de Kinoen ugelaf.

Blondinka sa uglom
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 1984
Première 1984
Dauer 78 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Wladimir Bortko
Dréibuch Iwan Bagajew
Walentin Komarow
Musek Isaak Schwarz
Schauspiller
Andrei Mironow als Nikolai Gawrilowitsch Porywajew
Tatjana Dogilewa als Blondin Nadejda
Anatoli Sliwnikow als Gena
Jelena Solowei als Regina
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film ass vun iwwer 25 Millioune Leit gesi ginn. Haut gëtt en och ëmmer nach op deem engen oder anere Feierdag am Fernsee widderholl.

En erzielt eng relativ turbulent Geschicht. Donieft weist en déi zwéin Aspekter vum deemolege Russland vun der Stagnatioun ënner dem Leonid Brejnew sengem Regime: d'Liewe vun der grousser Majoritéit vun den einfache Sowjetleit, an anerersäits den Iwwerfloss vu Produkter a Liewensmëttel un déi een awer iwwer déi normal Butteker dacks net erukënnt (Kommunismus ass wann all Sowjetbierger e Metzler gutt kennt). Am Film stellt sech d'Fro wat besser ass, säi Liewen op d'Organisatioun vu gudden Defizitprodukter auszeriichten oder sech u geeschteg Ziler ze halen (D'Liewen ass e Kampf vu Fleesch a Geescht), an all Zuschauer ka sech seng richteg Äntwert selwer eraussichen.

Wourëms geet et am Film? änneren

De fréieren Astrophysiker Nikolai Gawrilowitsch, nodeem him den Duerchbroch a senger eigentlecher Matière net gelongen ass, gëtt Dréier an engem Uniwersam-Supermarché (Kafhal mat Selfservice). Do verléift e sech an eng Blondin déi hanner der Geméistéik schafft. Si ass lëschteg a pragmatesch, kennt all déi Leit déi ee kenne muss well s'op de richtegen Aarbechtsplaze sëtzen, a sou ganz de Géigendeel vun him ass...

  Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

Den Nikolai ass Astrophysiker an huet 15 Joer laang mat sengem Radioteleskop an de Kosmos gelauschtert, a gehofft e géif Signal vun enger friemer Liewensform empfänken. Hien hat domat awer guer a glat kee Succès a seng Pai war och aarmséileg, sou datt e schlussendlech d'Bengele bei d'Tromm gehäit huet. En decidéiert als Laaschtendréier an engem Kascht-Supermarché unzefänken.

Op sengem éischte Schaffdag drénkt e méi wéi ee Patt mat sengen neien Aarbechtskolleegen a geet sech duerno am Soff op e Koup Ënne leeën. Well dee Koup awer iwwer en Triichter d'Ënnen erof an de Buttek leede soll geréit heen an den Triichter a blockéiert en ouni et am Schlof matzekréien. En éischte Client dee keng Ënne méi kritt geet nofroen op de Buttek der nach erakritt, mee vun de Butteksleit intresséiert sech kee Mënsch fir seng Fro sou datt e schlussendlech nees ofzéie muss. Dobäi wousste verschiddener datt et um Nikolaj lung, mee deen hu se als Alkoholiker ofgestempelt a vun Ufank un opginn. Just d'Nadejda mengt, et kéint ee jiddereen zum besseren änneren an hëlt den Defi un.

Si erwächt den Nikolaj an decidéiert, datt dat mam Alkohol bei him ophéiere muss, e misst Bicher liesen, iesse fir zu Kraaft ze kommen a Karate maachen. E Konterbéier huet en awer zegutt. Him war si scho méi laang opgefall, all Muere wou heen op de Bus gewaart huet ass si am Auto laanscht gefuer, sou datt hee sech mat der Zäit a si verléift huet, wat heen hir och direkt zougëtt.

Si féiert en e bëssen duerch d'Reserv vum Supermarché, wou onmoosseg Kéip vu Kascht gelagert sinn. Si versteet et gutt vum "Defizit" ze liewen: an der Metzlerei kritt si e Bifdeck mat op de Wee an organiséiert fir hien e gutt Stéck gratis Fleesch. No der Schicht huet se him nach weider Saachen aus der Supermarchésreserv agepaakt.

Hire Brudder Gennadi ass Autosmecanicien a kënnt se mat sengem gréngen US-amerikaneschen Auto sichen, aus deem haart Rock 'n' Roll ze héieren ass. Si nennt hire Brudder "Krokodil" wéinst dem Krokodil Gena, am Géigesaz zu deem schwätzt de Gena awer säi Liefdag ni een eenzegt Wuert. Et geet bei dem Nikolai seng Elteren heem, bei deenen hie lieft. Deem seng Mamm war Léierin a wéinst hirer Deformation professionnelle schwätzt se ze haart, de Papp dogéint ass e Krichsinvalid deen ë. a. schlecht héiert. Wéi d'Nadejda seet si géif als Gastronom schaffe versteet hien Astronom, wat den Nikolaj rett well hie sengen Elteren nach net gesot huet datt en als Astrophysiker opgehal huet, si versti sech all direkt gutt, iessen an drénken zesumme wat d'Nadejda matbruecht hutt. D'Regina, eng Conservatoirespianistin a Frëndin vun der Famill (an ursprénglech wuel um Nikolaj intresséiert), ass och fir d'Iessen do gewiescht, war awer net sécher ob se bei sech doheem d'Streckeisen ausgemaach hat oder net, sou datt de Gena mat hir bei si heem fiert fir datt se nokucke kann. Direkt fléckt en hiert Streckeisen (et war agestach mä scho laang futti), hir Luucht, hir Plättercher, hir Heizung an hiren Telefon.

Nom Iesse ginn den Nikolai an d'Nadejda e bësse spadséieren, et fänkt u mat schëdden a gläichzäiteg streide se, hien entschëllegt sech awer dunn an erkläert nees seng Léift, a se kësse sech eng éischt Kéier. De Reen hält op, se setze sech op eng Bänk an decidéieren direkt sech den Dag drop ze bestueden. D'Nadejda plangt d'Hochzäitsrees an Afrika an hiert Haus soll en aalt um Arbat gi wat se banne ganz renovéieren, den Nikolai seet spéitstens no enger kuerzer Diskussioun zu allem jo.

Se fuere bei d'Kathedral well d'Ouschtermass grad ufänkt. Dem Nikolai seet dat awer näischt an d'Nadejda proposéiert fir an d'Banja ze fueren. De Gena an d'Regina féiere se. An der Autosbar zerwéiert d'Nadejda sech an dem Nikolai Whisky, wärend d'Regina erzielt, och de Gena hätt si gefrot op se sech mat him bestuede wéilt, an zwar andeems hien näischt gesot hätt. No der Banja raschte se all bei der Schwämm, d'Nadejda bestellt beim Barman d'Benny Hill Lidd an hatt danzt mam Nikolai bei der Schwämm e gelungenen Danz. Et geet du bei den Nikolai heem, d'Nadejda wëll zwar net mat erakomme mä well de Papp wakreg war a se héieren huet seet dee se sollen eng Minutt erakommen. Den Nikolai erkläert sengen Elteren datt e sech den Dag drop bestuede wäert. Déi si frou fir hire Bouf, d'Nadjeda kritt eng Lig an en Zëmmer fir ze schlofen. De Gena ass an där Zäit mam Regina bei déi heem gefuer an huet nach an der selwechter Nuecht ugefaange mat tapezéieren.

Mueres wéi den Nikolai erwächt héiert en d'Nadjeda am aneren Zëmmer kräischen. Hatt huet sech virgestallt, no der Hochzäit hätte se e Jong, dee wier ganz gutt an der Schoul, och am Sport an an der Musek, méi wéi en op d'Uni kënnt, si huet nach net decéidert wéi eng mä op alle Fall déi bescht, do wier e bei de prakteschen Aarbechte wéi et Feier giff ginn an den Daach op e fale giff. Den Nikolai kritt se awer nees berouegt.

Owes ass dunn d'Hochzäit, all sëtze se an engem Festsall ze feieren. D'Regina seet dem Gena du jo fir sech ze bestueden, doropshin dréit deen hatt aus dem Sall. Den Nikolai ka sech awer de ganzen Owend net richteg freeën, eng zweehonnert Gäscht si komm, alles Frënn vum Nadejda déi ee kenne muss fir gutt duerch d'Liewen ze kommen, mee hee kennt kee Mënsch, grad sou wéineg wéi seng Elteren déi e bësse bedebbert bei der Mauer sëtzen.

Stënterlech kënnt e fréiere Mataarbechter vum Nikolai vum Radiosteleskop an de Festsall, e krut e Signal aus dem Kosmos, huet et awer net opgezeechent. Et ass also prinzipiell méiglech eng friem Liewensform ze fannen, mee wéini déi nächste Kéier e Signal kënnt wat een opzeechnen an analyséiere kann dat wees natierlech keen, an dat eenzegt Radiosteleskop wat nach fräi wier fir sou eng Aufgab ass am héijen Norden. D'Nadejda deelt der Hochzäitsgesellschaft mat, hire Mon hätt Erfolleg gehat mat sengem Projet, se rennen all op den Nikolai duer a geheien en an d'Luucht fir en ze feieren, wat dem Nikolai awer definitiv géint de Strich geet. Wéi e gesäit datt seng Elteren ouni e Wuert ze soen d'Hochzäit verlooss hunn do platzt en, well alles praktesch iwwer säi Kapp ewech decidéiert gëtt a sou guer net seng Welt ass, e fängt u sech bis op de Kalzong auszedoen a marschéiert fort aus dem Sall. D'Nadejda leeft ëm no, hee lauschtert net méi a schléisst sech enger Grupp Jogger un déi bei den éischte Sonnestrale schonn ënnerwee sinn. D'Nadejda hält en Auto u a léisst sech nieft him féieren, se seet ëm et kéint ouni heen net méi liewen, hee leeft awer ouni de Kapp ze dréinen einfach weider.

An där nächster Zeen gesäit een den Nikolai am héijen Norde beim Radiosteleskop schaffen. E Bléck an d', do ass d'Nadejda mat hirem klenge Bouf. Enn vum Film.

Soss änneren

  • D'Haaptpersoun Nikolai ass och den Erzieler, deen de Film ëmmer mol vun Zäit zu Zäit ënnerbrécht fir mat Gesank déi nächst Episod erklärend unzekënnegen. Well ongeféier en Drëttel vum urspréngleche Film der Zensur zum Affer gefall ass goufe sou déi Zeenen déi gefeelt hunn iwwerbréckt.
  • D'Zeen an der Metzlerei gouf an engem Fleeschkombinat gedréit, well et soss keng Plaz gouf wou sou vill Zorte Wirchtercher a Fleesch beienee waren.
  • D'Kafhal war d'Jujny am St Péitersbuerger Bezierk Frunsen an d'Kathedral war déi vum Smolny-Klouschter och vu St Péitersbuerg - dobäi fueren eis Personnagen duerch Moskauer Stroossen.

Um Spaweck änneren