Black Swan (Film)
Black Swan ass en US-amerikanesche Psychothriller vum Darren Aronofsky aus dem Joer 2010.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 2010 |
Première | 1. September 2010 |
Dauer | 108 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 2,35:1 |
Filmformat |
35 mm, 16 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Darren Aronofsky |
Dréibuch |
Andrés Heinz Mark Heyman John McLaughlin |
Fotografie | Matthew Libatique |
Musek | Clint Mansell |
Produzent |
Scott Franklin Mike Medavoy Arnold Messer Brian Oliver |
Schauspiller | |
Natalie Portman als Nina Sayers Vincent Cassel als Thomas Leroy Mila Kunis als Lily Barbara Hershey als Erica Sayers Winona Ryder als Beth MacIntyre Toby Hemingway als Tom | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenEn New Yorker Balletensemble wëll de Schwaneséi nei opféieren, mat der Roll vum wäissen a vum schwaarze Schwan an enger Persoun. Den Direkter vum Ensembel, den Thomas Leroy, sicht eng Nofollgerin fir d'Primaballerina Beth MacIntyre a seng Wiel fält schliisslech op d'Nina Sayers. D'Roll vum wäisse Schwan beherrscht si perfekt, mä fir de verführeresche schwaarze Schwan feelt et hir u Sënnlechkeet a Leidenschaft. Fir d'Roll net un d'Lily, déi eréischt viru kuerzem an den Ensembel komm ass, ze verléieren, muss d'Nina hir donkel Säit entdecken an ervirbréngen. Allerdéngs féiert déi obsessiv Virbereedung op hir Roll zu Wahnvirstellungen...
Um Spaweck
änneren- Offiziell Websäit (en)