Biosphärereservat Karpaten

D'Biosphärereservat Karpaten (op Ukrainesch: Карпатський біосферний заповідник) ass en Naturschutzgebitt dat 1968 geschafe gouf[1] an dat, wéinst senger héijer Biodiversitéit, zanter 1992 zum Weltwäite Reseau vun de Biosphärereservater vun der UNESCO gehéiert[2].

Et läit am Oblast Transkarpatien an der Ukrain, an huet eng Fläch vu 57.880 Hektar[3] .

1998 gouf et an d'Biosphärereservat Ostkarpaten integréiert, vun deem Deeler an der Slowakei an a Polen leien.[4].

Ronn 82 % vum Reservat sinn Urwald[5].

Et besteet aus sechs Biergmassiver, zwou botanesche Reserven an engem regionalen Naturpark.

Biller änneren

Fauna a Flora änneren

D'Flora setzt sech zesummen aus 262 Aarte vu Champignonen, 392 Aarte Flechten, 440 Aarte Mooser 465 Algen an 1.062 Vaskulärplanzen. 64 Planzenaarte stinn op der Rouder Lëscht vun der Ukrain a vun der UICN.

D'Fauna besteet aus 64 Mamendéieraarten, 173 Vullenaarten, 9 Aarte vu Reptiller, 13 Amphibien, 23 Fësch an iwwer 10.000 Wierbellosen. 72 dovu stinn op der ukrainescher Rouder Lëscht an op där vun der UICN.

Um Spaweck änneren

Commons: Biosphärereservat Karpaten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. protectedplanet.net
  2. Fiche 'Carpathian' op unseco.org.
  3. protectedplanet.net
  4. "Biosphere Reserve Information – East Carpathians" op unesco.org
  5. unesco.org.