Bioinformatik
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Bioinformatik ass e Beräich vun der Informatik, dee ganz speziell Programmer entwéckelt, déi et de Biologen erméiglechen hir Resultater z'analyséieren. Dës Programmer si geduecht fir:
- Proteinnen, Genen oder aner ADN-Sequenze mateneen ze vergläichen, fir zum Beispill Mutatiounen an engem Geen ze fannen oder fir eng Informatioun iwwer de Verwandheetsgrad tëscht verschiddene Rassen ze kréien.
- Bestëmmt funktionell Deeler an ADN- oder Proteinsequenze liicht erëmzefannen.