Bilingualismus (lat. bi >zwee<, lingual >op d'Sprooch bezunn<) ass d'Bezeechnung fir den Zoustand vun eenzele Persounen (individuelle Bilingualismus) oder enger Gemeinschaft (gesellschaftleche Bilingualismus), déi bei der alldeeglecher Kommunikatioun zwou Sprooche gebrauchen.

Individuelle Bilingualismus, och nach Zweesproochegkeet genannt, trëtt am Fall op wou Kanner mat 2 Mammesproochen opwuessen. Dat heescht, et muss e fäeg sinn 2 Sproochen ze schwätzen an ze schreiwen.

Zu Lëtzebuerg besteet eng multikulturell Gesellschaft, soudatt vill Kanner bilingual opwuessen, déi entweeder een Elterndeel hunn, mat deem s'eng aner Sprooch schwätzen, oder, well se doheem allgemeng eng aner Sprooch schwätze wéi an der Schoul.

Vu gesellschaftlechem Bilingualismus schwätzt een am Fall wou eng Gesellschaft méi wéi eng offiziell offiziell Sprooch huet.

Lëtzebuerg huet streng gesinn keng offiziell Sprooch, mä dräi administrativ Sproochen, an zwar Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch.

Schonn am éischte Schouljoer (Zyklus 2.1.) léieren d'Kanner déi däitsch Sprooch an am zweete Schouljoer (2.2) fänke se mat der franséischer Sprooch un. Si léieren also schonn zwou Sproochen an der Grondschoul, wat och zu grousse Problemer féiere kann, am Fall wou een eng Sprooch net sou gutt beherrscht wéi déi aner, well déi Sprooche begleede se bis s'aus dem Lycée eraus sinn, bis weider an d'spéidert Beruffsliewen.

Des Weidere léieren d'Schüler am Lycée nach aner Sprooche wéi zum Beispill Englesch, Spuenesch, Latäin, an Italieenesch.

Um Spaweck änneren

Commons: Bilingualismus – Biller, Videoen oder Audiodateien