Biischtebënner
De Biischtebënner war en Handwierker, dee fréier, doheem oder an enger Fabrick, Biesemen oder Biischte gebonnen huet. Wann haut vun engem Biischtebënner, am Géigesaz zum Biesemsbënner, rieds geet, ass dat awer souzesoen ëmmer an engem iwwerdroene Sënn, fir ee mat enger niddreger, diskutabeler Originn ze bezeechnen, ee mat deem net vill lass ass. D'lëtzebuergesch Riedensaarte spigelen dat, wéi beim Dëppegéisser, haut erëm:
- Saufe wéi e Biischtebënner
- Fluche wéi e Biischtebënner