E Biergerobservatoire ass en Observatoire, dee fir den allgemenge Publik zougänglech ass. En déngt der naturwëssenschaftlecher a kultureller Vollksbildung. Seng Aufgab ass et, déi duerch d'Wëssenschaft erschafften Erkenntnesser an enger einfacher Form der breeder Biergerschaft verständlech ze vermëttelen.

De grousse Refrakter vum Archenhold-Observatoire

Mat der Entwécklung vun den Naturwëssenschaften, besonnesch vun der Astronomie, goufen Observatoiren an Universitéite gegrënnt.

Enn vum 19. Joerhonnert goufen déi éischt Veräiner gegrënnt, déi et méiglech gemaach hunn all de Bierger, d'Stären an engem Biergerobservatoire méi no ze bréngen. E fréit Beispill ass den Archenhold-Observatoire zu Alt-Treptow am haitege Berlin.

D'astronomesch Fuerschung ass net d'Haaptaufgab vun engem Biergerobservatoitre. Si stinn dachs matzen an Uertschaften, am Géigesaz zu de moderne Fuerschungsobservatoiren, déi an ofgeleeëne Géigende stinn. Zesumme Stäre kucken an d'Technik si wichteg Elementer bei astronomesche Veräiner.

Biergerobservatoirë leeschten op ville Gebidder wichteg Bäiträg fir d'Wëssenschaft. Déi meescht Klengplanéite ginn haut a Biergerobservatoiren entdeckt. Weider Observatiounsaarbechte sinn: Verännerlech Stären, Meteoren a Stärebedeckungen duerch Klengplanéiten.

Weider Aarbechte vun astronomesche Veräiner a Biergerobservatoire sinn ëffentlech Observatiounen, Virträg, Ënnerstëtze vum Schoulunterrecht an alle Klassen a Berode vun Amateurastronomen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren