Bierger vum éiwege Liicht
Als Bierger vum éiwege Liicht hu fréier Selenographen a Selenodeten déi Moundbierger resp. héich Kraterränner an der Géigend vum Moundnordpol a Südpol genannt, deenen hir Spëtzte bal ëmmer am Sonneliicht sinn.
Beim Südpol si se deelweis mat de Leibniz-Bierger identesch. Et zielen awer och e puer Biergketten „hanner“ de grousse Kratere Manzinus a Moretus dozou. Beim Nordpol sinn et Kraterränner a Spëtzten am Beräich vun de Moundkratere Byrd, Peary, Nansen an Hermite.
Opfälleg sinn d'Bierger vum éiwege Liicht virun allem bei schmueler Moundséchel, wou se scho mat klengen Teleskopen als hell Punkten déi aner Säit vun der Schietgrenz (Terminator) erschéngen, sech also vun der nach donkeler Ëmgéigend däitlech ofhiewen.
Mat mëttelgroussen Teleskopen (vun Aachtzöller un) si schonn eenzel Kraterrand- resp. Biergspëtzten auszemaachen. An dëse Regioune plangen d'Astronomen en Observatoire opzeriichten, deen net vun ierdeschem Streeliicht a Funkverkéier gestéiert gëtt. Am gënschtegste wier et um Rand vun der Moundrécksäit, mä da misst d'Telemetrie iwwer Moundsatellite geschéien. Als Energiequell bitt sech d'Solarenergie un.
D'Däller tëscht Héichten op déi d'Sonn vun der Säit fält leien ëmmer am Schiet, wat och interessant Opschlëss versprécht. Tëscht 1996 an 1999 konnte Radar- a Spektrometer-Miessunge vun de Moundsonde Clementine a Lunar Prospector d'Existenz vun Waasseräis op béide Polen noweisen. – Méiglecherweis ass d'Äis am Regolith vun der Mounduewerfläch enthalen, et kéint awer och a ronn 50 cm Déift kleng Äislënse bilden. Béid Méiglechkeete wiere fir d'Raumfaart vu groussem Intressi.