D'Bielesser Musek ass eng lëtzebuergesch Harmonie vu Bieles. Donieft existéiert och eng Jugendmusek, d'Young Band Bieles.

Den Ufank änneren

Am Joer 1892, wéi Bieles 80 Haiser gezielt huet, dovun 22 Wiertschaften, an 944 Awunner, hunn e puer jonk Männer, haaptsächlech Schmelz- a Grouwenaarbechter, zesumme mam Jos Clemang, dem 1. Dirigent an dem Jean Grethen als 1. President, d'Fanfare vu Bieles gegrënnt am 1. Lokal bei «Hénge Misch», dem haitege Veräinshaus.

Mat engem Bäitrag vun 2 Daler de Mount pro Musikant hate si et fäerdeg bruecht, op Kredit, bis ufanks 1893 deene puer éischte Musikanten en Instrument ze besuergen. Dat ganzt Duerf war Feier a Flam an huet d'Musikanten, déi äifreg geprouft hunn, kräfteg ënnerstëtzt. 1895 gouf zu Arel warscheinlech den 1. Auslandsconcert gespillt an am Joer 1900 gouf d'Musek zu Miersch op hirem 1. Concours mat engem 1. Präis an der Divisioun III belount. 1908 waren 30 Musikanten ageschriwwen an dat war och d'Joer vum 1. Fändel, dee vum Här Thiltges vun Éilereng gestëft gouf. 1911 notéiere mir eng Bedeelegung um internationale Concours zu Mézières bei Charleville an 1912 zu Déifferdeng. Nom 1. Weltkrich, wärend deem net vill Aktivitéit méiglech war, huet d'Fanfare 1920 en 1. Präis um internationale Concours zu Lëtzebuerg kritt.

1924 war ee Concours zu Fontainebleau. Vun 1925 un ass et wärend e puer Joer finanziell méi schlecht gaangen. D'Gemeng huet souguer ee Joer dem Dirigent säi Gehalt misse bezuelen.

1926 war ee Concours zu Vilvoorde, 1928 zu Lëtzebuerg an den 12.Juni 1932 krut d'Fanfare vu Bieles 2 éischt Präisser an der II. Divisioun um Concours zu Esch-Uelzecht. Si huet 52 Musikante gezielt obschonn der zwëschenzäitlecht eng Kéier 17 mateneen ausgetruede waren. An deem Joer goufen och déi 1. Kéier Verdéngschtmedaile vum Adolpheverband iwwerreecht, ënner anerem eng gëlle fir 40 Joer un de Joseph Feltz, ee Mann vun der 1. Stonn.

1933 gouf et op engem internationale Concours zu Nanzeg an der 1. Divisioun 2 éischt Präisser an en Dirigentepräis an dat selwecht Resultat gouf et 3 Joer méi spéit zu Esch. 1937 war en turbulent Joer well en neien Dirigent huet misse fonnt ginn. 1939 si 7 Klarinetten ugeschaf gi fir aus der Fanfare eng Harmonie ze maachen.

De Krich: eng schlëmm Zäit änneren

No der flotter 100-järeger Onofhängegkeetsfeier de 16. Juli 1939 koumen déi manner flott Jore vum Krich, wou d'Ënnerdréckung duerch d'Däitsch Arméi och an der Bielesser Musek Tromp war a 24 Instrumenter an aner Material, geklaut a vill Instrumenter beschiedegt goufen. Mat vill Fangerspëtzegefill huet de President Nic Karpen dës Period, an där och de Fändel verschleeft gouf, gemeeschtert. Duerno huet d'Musek sech "Société de Musique Belvaux" genannt. 1946 huet d'Generalversammlung erëm normal Verhältnesser geschaf an eng bescheide Feier an d'A gefaasst fir de Cinquantenaire, deen 1942 duerch de Krich huet missen ausfalen, awer nach nodréiglech ze feieren. Bei där Geleeënheet krut d'Musek och erëm en neie Fändel. D'Arbed huet 25 eenzel a 25 duebel Noutepulter gestëft. Wärend enger Rei vu Jore gouf am Sall vum Café Bodry geprouft, zäitweileg huet d'Gemeng ee Schoulsall zur Verfügung gestallt.

1950 huet de Schneider Freismuth vu Bieles nei Uniforme gemaach.

Vun 1955 bis 1969 gouf am Sall iwwer dem Ale Pompjeesschapp, direkt hanner der Bréck an der Ënneschtgaass, geprouft bis d'Musek an d'Pompjeeën hiren haitege Bau an der Stadionstrooss kruten.

Den Héichpunkt änneren

1952 ass aus der Harmonie erëm eng Fanfare ginn an ee Joer duerno krut d'Musek de Militärmuseker Ed Heuschling vun Zolwer als Dirigent. Mat him huet d'Bielesser Musek e groussen Opschwong erlieft a gouf eng vun deene beschte Fanfaren am Land. Si hat 1956 zu Esch an 1958 zu Dikrech excellent Concoursresultater opzeweisen a krut generell wéinst hirer grousser Presenz am Duerfliewe vill Ënnerstëtzung vun der Awunnerschaft. Eng Rei Musikanten aus dem Veräin hunn an deene Joren op de Baler zu Bieles reegelméisseg d'Danzmusek gespillt. 1959 gouf mat 2 Joer Verspéidung de 65. grouss gefeiert an och en neie Fändel ageweit.

De 14. Mee 1961 koum d'Musek mat 75 Musikanten zu Ettelbréck um Concours mat 2 éischt Präisser mat «grande Distinction» an d'Division supérieure A.

1963 war mam Opstig an d'Divisioun Excellence den Héichpunkt erreecht. 1964 koum déi 1. Musikantin an der Geschicht vum Veräin an d'Musek. 1966 hat d'UDGA d'Fanfare vu Bieles als Vertrieder fir Lëtzebuerg op den international Concours vu Vichy delegéiert. Aus gesondheetleche Grënn huet den «Heuschlings Ed» kurz virdru missen ophalen. Säin Nofollger, de Jean-Pierre Clement, konnt géint eng staark auslännesch Konkurrenz en 2. Präis erausschloen. 1967 sinn déi 75 Käerze mat engem Programm mat net manner wéi 21 Concerten iwwer 2 Wochen ausgeblose ginn. Den Héichpunkt war d'Militärmusek vun der U.S. Base Wiesbaden.

1968 gouf et excellent Resultater zu Dikrech an 1969 zu Jarny um Concours. Dat Joer gouf och d'Jugendkapell gegrënnt. 1970 waren 85 aktiv Museker ageschriwwen. No der Demissioun vum Dirigent am selwechte Joer goung et nach eng Zäitchen op engem héijen Niveau weider bis 1975 wéinst zolidden Onstëmmegkeeten eng Rei Kommiteesmemberen a Musikanten dem Veräin de Réck gedréint hunn.

1979 beim 10. Anniversaire vun der Jugendkapell gouf ee Supporterclub vun der Bielesser Musek gegrënnt, deen der Musek elo schonn iwwer 25 Joer wäertvoll Hëllef leescht. Eng Rei Museker, déi haut professionell Museker oder Proffe sinn, haten hir Debuten an der Bielesser Musek an den 1960er an -70er Joren. Och den haitege Staatsminister, de Jean-Claude Juncker hat, als Bielesser Jong, ugefaange Musek ze leieren, mä haut spillt hien eeben entzwuesch anescht déi 1. Gei.

E puer grouss musikalesch Momenter an den 80er Jore waren Austauschconcerte mat der Polizeimusek vu Linz, mat de Museke vu Chauffailles a Saarlouis.

De 6. Dezember 1986 war en Héichpunkt mam Show-Concert vun der Bielesser Musek um Scheierhaff zesumme mam Startrompettist Walter Scholz . Haapt-netmusekalesch awer laangjäreg Organisatioune vun der Bielesser Musek sinn oder waren d'Äppel- a Vizfest, de Kreemchesbazar an de Bal vum Fuesméindeg, fréier de Jummdeckelsbal genannt an duerno de Schass-bémol. Am Mee 1993 goufen honnert Joer Bielesser Musek gefeiert mat Concerten, Cortègen an engem groussen Zeltfest.

Situatioun haut änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zanter der 100-Joerfeier konnt d'Bielesser Musek net méi un d'Erfolleger vum 1. Joerhonnert uknëppen, duerch eng rei intern an extern Ëmstänn bedingt. Den eelste Musikant ass de «Schnëdder», de Schneidesch Albert mat 77 Joer a méi wéi 60 Joer Memberschaft am Veräin. Eng nei Generatioun ass awer am Gaang opzewuessen ënner der Direktioun vum Steve Humbert fir d'Bielesser Musek an d'Young Band Bieles (YBB) mat aktuell zesumme ronn 40 Musikanten an 13 Memberen an der Trommlerclique.

De 4. Mee 2008 huet d'Young Band Bieles zu Stroossen beim Concours vun der UGDA matgemaach, d'Resultat waren zwéin éischt Präisser mat "Distinction" an d'Divisioun "Junior".

Presidenten änneren

  • 20xx -.... Johnny Lackner
  • 20xx -.... Marco Goelhausen

Dirigenten änneren

  • 2017 -.... Steve Humbert
  • 20xx Sven Drui

Aktivitéiten änneren

  • Gala Concert am November
  • Neijoer Concert
  • Fues Freideg "SWOUPF Party"
  • Den Hämmelsmarsch am Fréijoer an am Hierscht
  • Kreemchesbazar am Fréijoer
  • Buergbrennen um Gaalgebierg
  • Virowend vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag

Um Spaweck änneren