E Bidet ass e Sanitärobjet a Form vun engem Baseng an deem de Mënsch seng Geschlechtsorganer oder säin Anus wäscht. Heiansdo gëtt en och benotzt fir d'Féiss ze wäschen. De Bidet fënnt een am Buedzëmmer nieft der Toilettëschossel. D'Waasser kënnt bei engem moderne Bidet aus engem Krunn, deen um Bidet ass.

E Bidet

Obwuel de Bidet enger Toilette gläicht, huet e méi mat engem Lavabo oder enger Bidde gemeinsam.

Kuckt och änneren

Commons: Bideten – Biller, Videoen oder Audiodateien