De Bertram "Bert" Stern, gebuer den 3. Oktober 1929 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen de 26. Juni 2013 zu Manhattan, New York, war en US-amerikanescher Moud- a Publicitéitsfotograf. Hie gouf virun allem bekannt fir eng Fotosessioun mat der Marilyn Monroe fir d'Zäitschrëft Vogue am Juni 1962, e puer Woche virun hirem Doud.

Bert Stern
Gebuer 3. Oktober 1929
Brooklyn
Gestuerwen 26. Juni 2013
New York
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Fotograf, Schrëftsteller, Filmregisseur

Nieft Publicitéitsopnamen huet hien 1958 den Documentaire (Jazz on a Summer's Day) iwwer den Newport Jazz Festival produzéiert, woufir e bekannt gouf.

1960 war fir d'éischt Kéier eng vu senge Fotoen op der Titelsäit vun der Vogue, an zanterhier huet hien eng ganz Rëtsch Portraite vu bekannte Leit gemaach, besonnesch där aus der Filmbranche.

International bekannt gouf en duerch d'Opname vun der Marilyn Monroe, déi en 3 Deeg laang am Hotel Bel-Air zu Los Angeles gemaach huet, an déi, no der Monroe hirem Doud, ënner dem Numm „the last sitting“ bekannt goufen.

Literatur änneren

  • Bert Stern: Marilyn Monroe – The Last Sitting, Schirmer und Mosel Verlag, München 2002, ISBN 3-88814-196-6.

Dokumentatioun änneren

  • Bert Stern – The Man Who Shot Marilyn (Bert Stern: Original Madman) – Filmportrait vum Shannah Laumeister (2011).

Um Spaweck änneren