Bernhard Schlink
De Bernhard Schlink, de 6. Juli 1944 an der Géigend vu Bielefeld gebuer, ass en däitsche Jurist, Romanauteur a Riichter. Hien ass zu Heidelberg opgewuess, wou säi Papp Edmund Schlink Theologieprofessor war.
Bernhard Schlink | |
---|---|
Gebuer |
6. Juli 1944 Bielefeld |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Freie Universität Berlin, Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg |
Aktivitéit | Jurist, Riichter, Romancier, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Juristesche Schrëftsteller |
Partei | Sozialdemokratische Partei Deutschlands |
Member vun | PEN-Zentrum Deutschland |
Säi Liewen
ännerenDe Bernhard Schlink huet Droit op der "Ruprecht-Karls-Universitéit Heidelberg" an op der "Fräier Universitéit Berlin" studéiert. Als wëssenschaftlechen Assistent huet hien op der "Technescher Universitéit Darmstadt", der "Universitéit Bielefeld" an op der Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg geschafft. Hien huet 1975 zu Heidelberg zum Dr. iur. promovéiert an huet 1982 habilitéiert.
Vun 1982 bis 1991 war hie Juraprofesser un der Rheinesche Friedrich-Wilhelms-Universitéit zu Bonn a vun 1991 bis 1992 un der Johann Wolfgang Goethe-Universitéit zu Frankfurt um Main. Zanter 1992 huet hien an der Humboldt-Universitéit zu Berlin ee Léierstull fir Ëffentlecht Recht a fir Rechtsphilosophie.
Zanter 1987 ass hien ausserdeem Riichter um Verfaassungsgeriichtshaff vun Nordrhein-Westfalen.
Ofgesi vu sengem juristeche Liewe war de Schlink natierlech och Auteur a krut 1989 de Glauser-Präis fir säi Kriminalroman Die gordische Schleife.
Fir Der Vorleser krut hien den Hans-Fallada-Präis (1997), en italieenesche Literaturpräis (1997), de Prix Laure Bataillon (1997) an de Welt-Literaturpräis vun der Zeitung "Die Welt" (1999).
Der Vorleser gouf a 37 Sproochen iwwersat a war dat éischt däitscht Buch, dat op déi éischt Plaz vun der Bestsellerlëscht vun der New York Times koum.
Säi Wierk
ännerenJuristesch Fachbicher
änneren- Vergangenheitsschuld und gegenwärtiges Recht, Frankfurt a.M. 2002, ISBN 3-518-12168-5
- Aktuelle Fragen des pränatalen Lebensschutzes, Berlin 2002, ISBN 3-89949-001-0
- Polizei- und Ordnungsrecht, mam Michael Kniesel a Bodo Pieroth, 3. Oplo, München 2005, ISBN 3-406-52032-4
- Grundrechte Staatsrecht II., mam Bodo Pieroth, 21. neibeaarbecht Oplo, Heidelberg 2005, ISBN 3-8114-7319-0
Belletristik
änneren- 1987 Selbs Justiz (zesumme mam Walter Popp), ISBN 3-257-21543-6
- 1988 Die gordische Schleife, ISBN 3-257-21668-8
- 1992 Selbs Betrug, ISBN 3-257-22706-X
- 1995 Der Vorleser, ISBN 3-257-22953-4
- 2000 Liebesfluchten, ISBN 3-257-23299-3
- 2001 Selbs Mord, ISBN 3-257-23360-4
- 2006 Die Heimkehr, ISBN 3-257-86136-2
- 2008 Das Wochenende. Roman, ISBN 978-3-257-06633-3
- 2010 Sommerlügen. Erzählungen, ISBN 978-3-257-06753-8
- 2011 Gedanken über das Schreiben. Heidelberger Poetikvorlesungen. Essay, ISBN 978-3-257-06783-5
- 2014 Die Frau auf der Treppe. Roman, ISBN 978-3-257-06909-9
Aufsätz
änneren- 2000 Heimat als Utopie, ISBN 3-518-06613-7
- 2005 Vergewisserungen - Über Politik, Recht, Schreiben und Glauben, ISBN 3-257-06483-7
Um Spaweck
änneren- www.ub.fu-berlin.de - Kommentéiert Linkesammlung
- http://www.rewi.hu-berlin.de – Websäit vum Léierstull op der Humboldt-Universitéit zu Berlin
- Der Dagmar Erne hir Diplomaarbecht iwwer "Der Vorleser" als pdf.-Datei
Commons: Bernhard Schlink – Biller, Videoen oder Audiodateien |