De Bernard Laurence "Bernie" Madoff, gebuer den 28. Abrëll 1938 zu New York a gestuerwen de 14. Abrëll 2021 am federale Prisong vu Butner, am North Carolina, war en US-amerikanesche Geschäftsmann a Grënner vun der Bernard L. Madoff Investment Securities LLC, enger Investissementsgesellschaft op der Wall Street. Vun 1990 bis 1993 war hie President vum Nasdaq.

Bernard Madoff
Gebuer 29. Abrëll 1938
Queens
Gestuerwen 14. Abrëll 2021
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vun Alabama,
Far Rockaway High School
Aktivitéit Courtier, Financier, Ekonomist, Banquier

Den 12. Dezember 2008 gouf e vum FBI verhaft an ugeklot, Dausende vu Leit iwwer Milliarde vun Dollare bedrunn ze hunn, andeems e jorelaang e sougenannt Ponzi System (och Pyramidespill genannt) duerchgezunn huet, andeems en déi vermeintlech Gewënner aus Investissementer, déi e soll gemaach hunn, a Wierklechkeet vun de Bäitreeg vun den neie Cliente finanzéiert huet. Den 29. Juni 2009 gouf en zu 150 Joer Prisong verurteelt.[1]. Et war dëst ee vun de gréissten, wann net dee gréisste Bedruchsfall an der Geschicht.

Auswierkungen op Lëtzebuerg änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. "Madoff Sentenced to 150 Years in Prison for Ponzi Scheme", New York Times}}, 29. Juni2009