Bernard Bauer

Lëtzebuergesche Glasmoler

De Bernard Bauer, gebuer den 23. August 1949 zu Réimech[1], ass e lëtzebuergesche Glaser a Glasmoler.

Bernard Bauer
Gebuer 23. August 1949
Réimech
Aktivitéit Glasmoler

Hien huet fir vill Kierchen an ëffentlech Gebaier zu Lëtzebuerg Fënstere gemaach.

No senger Beruffsschoul an der Stad Lëtzebuerg, huet hien als Léierbouf am Atelier vum Gustave Zanter geschafft.[2]

1974 krut hien de Meeschterbréif fir de Beruff vum Glaser an huet am selwechte Joer dem Sylvère Linster säi Glasatelier zu Munneref iwwerholl, an dat bis 2017. Duerno huet seng Duechter Sandrine den Atelier iwwerholl.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon S. 36
  2. Historique vitraux d'art Bauer & Rathmann (fr)