Bernard Arnault

franséischen Industriellen

De Bernard Arnault, gebuer de 5. Mäerz 1949 zu Roubaix an Nordfrankräich, ass e franséischen Industriellen. Säi Papp Jean Arnault war Besëtzer vun der Baufirma "Ferret-Savinel".

Bernard Arnault
Gebuertsnumm Bernard Jean Étienne Arnault
Gebuer 5. Mäerz 1949
Roubaix
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Konschtsammler, Geschäftspersoun, Ingenieur, Entreprener
Famill
Kanner Delphine Arnault, Frédéric Arnault

De Bernard Arnault huet en Ingenieurstudium op der École Polytechnique zu Paräis absolvéiert. Nodeem hien 1971 an dem Papp seng Firma erageklomme war, iwwerriet hien deen, déi ëffentlech Bauaktivitéiten ze verkafen. De Rescht vun der Firma hu se an eng Immobiliegesellschaft ëmgewandelt. Ënner dem Numm "Férinel", huet dës a Vakanzimmobilien op der Côte d'Azur investéiert. 1978 gouf de Bernard Arnault Chef vun der Entreprise.

1981 ass hien op New York City geplënnert, fir "Férinel" an Amerika opzebauen. Duerno, vun 1984 un, entwéckelt hie sech zu engem aggressiven Investisseur a Frankräich. Sou huet hien, nom Kaf vum maroden Textilgrupp "Boussac", deen no kuerzer Zäit zerschloen, an nëmmen d'Luxusmark Christian Dior an d'Traditiounsgeschäft Le Bon Marché gehalen. No enger haarder Ëmstrukturéierung verkeeft hien déi zwéi Betriber, mat engem kräftege Profit, un de Grupp "Prouvost".

1988 keeft hie sech an d'Luxusholding Moët Hennessy Louis Vuitton an, fir schliisslech 1989 PDG vum Grupp ze ginn.

2006 grënnt hie mam belschen Industriellen Albert Frère eng Joint Venture, déi an europäesch Entreprisen investéiert.

Hien zielt zu de räichste Leit vun der Welt.