Beringstrooss
D'Beringstross ass eng schmuel Mieresstross, eng Mierengt, déi de US-Bundesstaat Alaska vum ëstlechen Deel vu Russland trennt. Si gouf nom Vitus Bering, engem däneschen Entdecker, deen d'Beringstross 1728 duerchfuer huet, genannt. Duerch d'Beringstrooss verleeft déi global Datumsgrenz.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/57/US_NOAA_nautical_chart_of_Bering_Strait.png/280px-US_NOAA_nautical_chart_of_Bering_Strait.png)
D'Beringstross ass op der schmuelster Streck 85–100 km breet an duerschnëttlech 30–50 m déif. Dës Waasserstrooss gouf et net ëmmer. Virun 10.000 Joer, um Enn vun der leschter Äiszäit, war dat nach eng Landbréck, iwwer déi e konnt drechenes Fouss vun engem Kontinent op den anere goen. Dat kënnt d'Theorië bestätegen, no deenen déi éischt Awunner vun Amerika um Landwee dohi komm sinn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Beringstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien |