Berca ass eng Uertschaft an eng Gemeng vu ronn 8.500 Awunner (2011) am Distrikt Buzău, a Rumänien, am Dall vu Floss Buzău.

Berca
Land Rumänien
Awunner 8 534 (2011)
Fläch 73,280000 km²
Koordinaten 45° 17’ 00’’ N
      26° 41’ 00’’ O
Postcode 127035
Websäit http://primariaberca.ro/
Lag vu Berca

Ausser Berca gëtt et nach eng Dosen aner Uertschaften an der Gemeng: Băceni, Cojanu, Joseni, Mânăstirea Rătești, Pâclele, Pleșcoi, Pleșești, Rătești, Sătuc, Tâțârligu, Valea Nucului a Viforâta.

An der Gemeng gëtt Pëtrol an Äerdgas gefërdert.

Si ass virun allem bekannt fir d'Bullisvulkaner, déi et do an den Hiwwelen no beim Duerf Pâclele gëtt. Dat si rar geologesch Phenomeener, bei deene Bulli a Gaser aus enger Déift vun 3 km eropgedréckt ginn a wéi Miniatur-Vulkaner, op der Äerduerwerfläch austrieden. Se leien an engem geologeschen a botanesche Reservat.

Soss Kuckeswäertes an der Gemeng ass d'mëttelalterlecht Klouschter vu Rătești, an deem haut nach orthodox Nonne liewen.

D'Duerf Pleșcoi ass bekannt fir seng gereezt Wurscht aus Schofsfleesch, Paprika a Knuewelek. Se huet zanter 2019 eng geographesch geschützt Bezeechnung[1] an der EU.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Berca – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. EU-Registratioun