Xavierschmit~lbwiki
--Pecalux 07:31, 18 Mee 2007 (UTC)
Interwiki-Linken
ännerenMoie Xavierschmit.
Ech hun däi Link am Artikel Éiter op déi däitsch Wikipedia elo fir d'zweet ewechgeholl. Dat ass net fir dech ze schikanéieren mee huet e ganz plausible Grond: Wann's du den Artikel Éiter opméchs, da geseis du um lénkse Bord eng Këscht mat dem Titel Aner Sproochen. An dëser Këscht stinn déi auslännesch Wiki-Linken. Dofir brauchen se net méi am Textkierper ze stoen. Fir all weider Fro (w.e.gl. op menger Diskussiounssäit User talk:Pecalux) stinn ech gäer zur Verfügung. --Pecalux 15:05, 18 Mee 2007 (UTC)
Salut Xavierschmit. Am Zesummenhank mat den Interwiki-Linke frees du: "muss een dat éieren och selwer maachen oder kënnt dat vum selwen dohi stoën? ". Jo, dat muss ee selwer maachen. Wéi et gemeet gëtt geseis de zum Beispill am Artikel Éiter. Wann's de do op d'Änneren-Säit gees, da geseis de an der Editor-Fënster, wann's de se ganz no ënne scrolls, déi dräi Linken op déi däitsch, englesch a polnesch Wiki'en. An der anerer Richtung ass dat net nëmme méiglech, mee och néideg. Wann's de an der däitscher Wiki den Artikel Oetrange opméchs, da misst do och den Interwiki-Link op d'lëtzebuergesch Wiki (lb:Éiter) agedroe sinn.
Bei Artikelen déi et praktesch an all Sprooche gëtt wier dat e ganze Koup Aarbecht fir d'Linken all vun Hand ze setzen. Dofir hu schlau Käpp e Bot (dat ass en automateschen Programm dee praktesch fonktionnéiert wéi e Roboter) geschriwwe fir all déi Interwiki-Linken erauszesichen an anzedroen. Meeschtens geet et duer fir däin Artikel mat den Englänner ze verlinken, de Bot mécht dann de Rescht. --Pecalux 15:39, 22 Mee 2007 (UTC)
Ken an Cen
ännerenGudde Mëtteg. "wéi eise Buergermeeschter, de Schmitze Jim, d'lescht Joër ausser sech vu Freed wor, wéi ë verkënnegt huet, dass ët elo offiziell wier, dass ee Conter mat "C" schreift". Da kanns de ärem Buergermeeschter soen, datt dat iwwerhaapt net offiziell ass. Aus engem einfache Grond: Mär hunn zwar eng offiziell Schreifweis, mee keng offiziell Schreifweis fir d'lëtzebuergesch Uertschaftsnimm. Den Zikus mat Klierf, Konter, Kolmer-Bierg dauert scho Joren; dee mat Woltz a Wolz och. De Josy Braun huet vun der 12. op déi 13. Oplo vu sengem Bichelchen der e puer vum K op den C geréckelt, ouni z'erklären, firwat. Do wäerten nach e puer Buergermeeschteren an de Ridoe gespronge sinn. Mee, mat "offiziell" ass nix. Fro mol de Buergermeeschter, wien dat d'lescht Joer dann "decidéiert" huet. Mech intresséiert dat och. So mer w.e.g Bescheed. --Cornischong 10:02, 22 Mee 2007 (UTC)
Fir de Päiperlek
ännerenÄre Benotzerkont gëtt ëmbenannt
ännerenBonjour,
D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.
Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm Xavierschmit. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op Xavierschmit~lbwiki ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am April 2015 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.
Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.
Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.
Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation
03:15, 18. Mäe. 2015 (UTC)
Ëmbenannt
ännerenDëse Benotzerkont gouf ëmbenannt am Kader vun der Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'. Wann Iech dëse Benotzerkont gehéiert da kënnt dir Iech alogge mat Ärem virege Benotzernumm a Passwuert fir méi Informatiounen. Wann Dir dësen Numm vum Benotzerkont net wëllt da kënnt Dir, nodeem Dir Iech ageloggt hutt, dëse Formulaire benotzen Spezial:Global Ufro fir Benotzer ëmzebenennen fir en anere Benotzernumm unzefroen. -- Keegan (WMF) (talk)
09:25, 19. Abr. 2015 (UTC)