--Zinneke 21:24, 7 Mee 2005 (UTC)

firwat setzt hei keen méi eppes à jour? änneren

Moien. Ma well der vill déck gebraddelt hunn, mee näischt gemaach hunn! Dat war et ganz kuerz.
Bei der Aktualitéit wollten der schonns e puer eppes Gewalteges opzéien, mee ausser waarmer Loft war näischt. Leider. --Cornischong 23:47, 26 Januar 2006 (UTC)

Ma dat liese mer gär. Natierlech ass d'Iddi gutt, natierlech wier et gutt dat systematesch ze maachen. Mee d'Betounung läit op "maachen". Da fuer emol duer. Wann s de iergendeng Fro hues, da looss se kommen. Mer sinn natierlech frou, wann een dat an de Grapp hëlt! Et muss jo net all Dag en Eemer voll sinn :-)) --Cornischong 00:07, 27 Januar 2006 (UTC)

Moien Thorse, do schléissen ech mech dem Cornischong unn. Myriam 07:40, 27 Januar 2006 (UTC)

Jylland änneren

All Respekt fir d‘Vitesse mat där's de d‘Affaire em d‘Mohameds Karikaturen hei online gesat hues! Do kenn vun der Aktualitéit um Spaweck Lëtzebuerg hir momentan sécher soubal nach kee mat der lb-wiki mathalen (ausnamsweis) ;-) Hei an Norwegen ass iwweregens och grad der Däiwel lass ... Kaffi 23:53, 31 Januar 2006 (UTC)

Sou, lo sinn ech och mol derzou komm, et ze liesen. Gëscht keng Anung, haut op zack! Wierklech, wéi sot de Kaffi: "All Respekt". --Cornischong 00:10, 1 Februar 2006 (UTC)

Merci, merci. Ech hat jo versprach, méch no Méiglechkeet e wéineg ëm d'Aktualitéit ze këmmeren. Mee ech muss awer zougin, datt ech e ganzen Dag hannendra war par rapport zum éischten Artikel doriwwer am Spiegel. Ech ka méch also nach verbesseren. :-) --Thorse 11:54, 2 Februar 2006 (UTC)

Weider Karikaturen änneren

Moien. Ech gleewen jo gär, datt s de weider gär matschaffs, an ech fannen dat och gutt. Da missten mer eis Gedanken maachen wéi dat Thema kann ausgebaut ginn. Neierdéngs spillen jo nach munneg Karikaturen an deem Zesummenhang eng Roll. D'Foussball "Iran-Däitsch Polizei" a besonnesch d'"Hitler-Frank" an déi nei "Auschwitz-Karikaturen". Ier een se eroplued kéint awer driwwer diskutéiert ginn!! Mer sinn net méi um leschten Stand. Leider. --Cornischong 13:12, 16 Februar 2006 (UTC)

Ech hat déi all schon um Schierm, mee well ech nët geduecht hun datt ech et hei nach weider kënnt gebrauchen hun ech se leider nët gespäichert. Gouf et do elo schon eng Diskussioun driwer, da kéint ech se eventuell versichen nach erëmzefannen (nom Text natierlech)? Aner Saachen déi mir uewe leien sin den "Hitler-Futtball" an déi nei "Abu Ghuraib-Biller". Kéint een doriwer eppes schreiwen? --Thorse 12:40, 17 Februar 2006 (UTC)