Sevy01
Bäigetrueden 7. Februar 2006
--Cornischong 17:20, 7 Februar 2006 (UTC)
Geschicht vun der LSAP
ännerenTipptopp,
gennee wat mer gebraucht hunn: een, dee sech mat der Geschicht vun enger Partei auskennt an deene puer schappegen Iwwerschrëften, déi bis ewell just do stungen, eppes mat Kapp a Fouss derbäizeschreiwe wosst. Ech hunn Der emol "Wikilinken" an den Text agebaut, vläit inspiréiert jo dat eent oder anert Stéchwuert dech? ;-).
--Zinneke 21:16, 7 Februar 2006 (UTC)
Sorry, gi na net richteg eens heimadden...;
ännerenech wäert awer mäi bescht maachen an dorunner schaffen ;-)
Merci fir d'Wikilinks, hat dat net bekäppt a souguer gemengt, dat giff e Computer (vum selwen) asetzen.... :-)
Merci nach emol !
- E Computer deen dat vum selwen asetzt: do dreeme mer scho méi laang dervunn ;-)! Nee, am Eescht: maach Der kee Kapp mat deem Geformatéiers, vill méi wichteg ass den Text vun den Artikelen. Ech (oder soss ee) kucke gär eng Kéier driwwer, wann eppes Neies geschriwwe gëtt. Mat der Zäit wäerts De awer gesinn, dass dat mat deem Formatéiere guer net esou komplizéiert ass, wéi et ausgesäit. Ech si gespaant, wat nach nokënnt; wéi gesot: am Rayon "Parteien", "Gewerkschaften", politesch-/Sozialgeschicht ass nach jett Intressantes, iwwer dat d'Wiki nach näischt huet.
--Zinneke 14:38, 9 Mäerz 2006 (UTC) Ok, versprach, ech wäert mech dru ginn a nach Kontributiounen eraginn
Käerjeng an de Mann mat der Séissel
änneren- Gudden Owend. "Et get awer och verzielt datt an der Käerjenger Gemeng am viireschte Jorhonnert den Dynamo erfonnt gouf." - Ech hunn de Saz emol aus dem "Käerjeng"-Artikel erausgeholl. Mer kënnen eis awer net drop verloossen, wat "verzielt" gëtt. An deem Fall misst ee schonns Material am Grapp hunn. Bleif der Saach mol op der Spur. Kuck emol roueg bei deenen anere Wikipediaen eran. --Cornischong 17:15, 9 Mäerz 2006 (UTC)
- Entschëlleg. De Kaffi huet mech drop opmierksam gemaach, datt ech am Käerjeng-Artikel vill méi erausgeholl hat, wéi dat gutt war. Ech hunn et nees dragesat. Wann nach eng Topegkeet vu mär kënnt, da so mer oueg Bescheed. Mär regelen dat schonn :-)) --Cornischong 20:16, 9 Mäerz 2006 (UTC)