Kleng Fro: Hält näischt vun anonyme Kontoën

Wat verstitt Dir dorënner? Puscas (Diskussioun) 18:39, 19. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Dat war d'Réactioun drop, dass verschidde Leit (net Dir) sech hannert Pseudonyme verstoppen, fir engem Knaschtereien ze man oder sech iwwerhaapt net aloggen. Wann een eppes schreift (oder ausläscht) sollt ee menger Meenung no och dozou ston. Pblasen (Diskussioun) 19:46, 19. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Ech verstinn nach ëmmer net. Dir sot (Net Dir). Ech sinn dach och e Pseudonym wéi vill anerer hei. An souwäit wéi ech erausfonnt hunn ass alogge keng Flicht, soss géif de System dat jo net zouloossen. Wat sinn déi Knaschtereien déi geschitt sinn. Ech géif Iech do gär ënnerstëtzen wann sou Saache virkomm sinn. --Puscas (Diskussioun) 20:37, 19. Nov. 2023 (UTC)Äntweren

Behuelen änneren

''Ärt Behuelen ass onméiglech an Är Diskussiounssäit témoignéiert genuch dovun,''

Léiwe Benotzer Pblasen

Datt dir op menger Diskussiounssäit Saache fannt déi wéi dir sot verschidde Saachen temoignéieren, ass just en Zeeche vu menger Éierlechkeet, soss hätt ech déi scho laang kënnen ewechmaachen, sou wéi dat aner Benotzer maachen. Sot mir lo wgl. a wat fir engem Sënn ech eppes falsch gemaach hunn?

Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 19. Nov. 2023 (UTC)Äntweren

An nach änneren

Ech verstinn Är Politique net, Här Beideler. Ären eenzegen Intérêt schéint ze sinn, den Internauten ze weisen, wat Dir gutt Lëtzebuergesch kënnt an dass Dir e savoir universel hutt.

Ech si keen Här Beideler -- ech sinn de Benotzer Les Meloures an ech well kengem eppes beweisen. Mäin eenzegen Intressi hei ass datt de Lieser, dat wat hei geschriwwe gëtt, novolzéie kann. Ech kann och net vill besser Lëtzebuergesch wéi vill aner Leit, ech hunn och kee Savoir universell, mä ech sinn extreem kritesch bei Behaaptungen déi net stëmmen. Ech muss och zouginn datt ech an der Lescht verschidde Saachen déi ech an der Zäit geschriwwen hunn, selwer hu misse revidéieren, wat natierlech ganz traureg ass an deem Sënn datt an de bal zwanzeg Joer Aktivitéit keen aneren do e Bobo gesinn hat. Dir sot Dir wiert Historiker da froen ech mech, firwat hutt Dir da keng enzyklopedesch Approche zum Sujet?. Ech kéint Iech Beispiller weisen (déi hei diskutéiert goufen) datt och Historiker sech ieren a sech souguer an hirem eegene Buch widderspriechen a grouss Kalwereien ënnert Leit bréngen (Cf. Flies- Gehaansbierg) oder och den Här V. Hugo deen an der Beschreiwung vun der Schluecht vu Waterlo verschiddenes einfach duerchernee gehäit huet. Also verschount mech wgl. mat ärer historescher Autoritéit. Hei gëllt dat wat Tatsaach ass. Suppositiounen ginn ugeholl wa s'erkläert a beluecht sinn. Merci fir Äert Verständnes. --Les Meloures (Diskussioun) 19:50, 19. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
D'Historiker leien d'office falsch well de Victor Hugo (dee weltbekannten Historiker?) d'Schluecht vu Waterloo falsch beschriwwen huet. Comme disait l'autre: pénibel Äntwerten! Pblasen (Diskussioun) 14:02, 20. Nov. 2023 (UTC)Äntweren
Ech hunn ni gesot de Victor Hugo wier en Historiker a scho guer net et e weltbekannten. Ech hunn och net gesot datt d'Historiker d'office falsch leien. Dir braucht mir keng Aussoe virzewerfen déi ech net gemaach hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:35, 20. Nov. 2023 (UTC)Äntweren