--Otets 17:24, 28 Januar 2006 (UTC)

Alles iwwer Biller a wéi ee se an en Artikel positionéiert fënns de am Detail op der Meta. Ech hunn awer och nach eng perséinlech Fro: Hu mär an eiser Arméi eng Réserve a wa jo gëtt et do eng Alterslimit fir anzetrieden? --Otets 17:45, 28 Januar 2006 (UTC)

Lëtzebuerger Arméi an Uniformen änneren

Hmm, et ass schons laang hier dass ech op der däitscher Säit geschafft hun, an duerfir wees ech net, ob hei elo dee richtege Wee ass, vir op d'Fro vun der Reserve ze äntweren.

D'Reserve ass 1967 mat dem obligatoresche Militärdingscht oofgeschaafe gin. Daat heescht dass Letzebuerg am Moment eent vun deenen eenzege Länner ouni Reserve ass. Als Volontär kann een awer bis theoreetesch 25 Joer antrieden. Wann een elo mei aal ass ewei daat, gett et emmer nach eng Méigelechkeet, eng perséinlech Demande un de Minister deen a sengen Attributiounen d'Défense huet ze schreiwen.

Pasbal 17:55, 28 Januar 2006 (UTC)

Dat geet op dëser Plaz schonn an d'Rei. Fir méi perséinlech Messagë kanns de awer op meng Usersäit goen an do lénks an der Geschirkëscht op de Link "Dësem Benotzer eng Email schécken" klicken. Volontär kënnt fir mech leider net nëmme wéinst dem Alter net a Fro, mee och well ech bestuet sinn a mäi Beruff net komplett opgi kann. D'Réserve wier do déi eenzeg Méiglechkeet gewiescht. Dat ass dee Moment Schued datt mer keng hunn.
Iwwer d'Uniformen hu mer elo sou vill, solle mer dee Paragraph net an en eegenen Artikel auslageren?
--Otets 18:15, 28 Januar 2006 (UTC)

Uniformen auslageren - ma dach ... go!

Pasbal 18:25, 28 Januar 2006 (UTC)

Moie Pasbal. Fir d'éischt emol: Ech fannen et eng formidabel gutt Iddi fir d'Arméi-Tenuen (a wat nach kënnt) hei eranzestellen. Ee Problem hunn ech awer mat de Fotoen: Se sinn e Krack ze däischter. Well ech dovun ausginn, datt s de d'Originaler (Scan-Biller vu Biller oder Dateien?) kenns oder souguer hues, froen ech: ass et méiglech d'Biller opzehellen? Et hänkt net u menge Monitoren, well déi sinn all kalibréiert. --Cornischong 18:26, 28 Januar 2006 (UTC)

Et si leider d'Original-biller. Ech hun dei virun e puer Joer mat enger Kodak (mengen ech emol) vun 2 MPixel gemeet, an ech si leider kee Fotograf. Wanns De wells kanns De d'Biller esou beschaffen, weis Du et vir gudd hälls - Du schengs jo eppes dervun ze verstoen (ech leider net ;-) ).

Pasbal 18:32, 28 Januar 2006 (UTC)

Auslagerung ass geschitt. Kéins de w.e.g. nach e ganz kuerzen Erklärungstext derbäischreiwen, z.B. firwat eng Tenue C ass a firwat eng Tenue S etc. Ech wosst och net datt mer Centre Europe gebrauchen, bäi wéi engen Occasiounen ass dat dann? --Otets 18:37, 28 Januar 2006 (UTC)

Droits d'auteur änneren

"De Wenzel I op engem Timber vun 1936 ... wei steet et hei mam Copyright?" Ouni méi iwwert d'Wierk ze wësse kann ech do näischt Definitives soen. No lëtzebuergeschem Recht fält e Wierk am Prinzip eréischt 70 Joer nom Doud vum Kënschtler an den Domaine public (d.h. de Wenzelstimber wier nach ëmmer protegéiert). Ausname sinn anonym, pseudonym an dirigéiert Wierker, déi scho 70 Joer no hirer éischter Verëffentlechung an den Domaine public falen. Wann een elo awer argumentéiert, datt d'Wikipedia net dem lëtzebuergeschen, mee dem US-amerikanesche Recht ënnersteet (d'Wikimedia Foundatioun huet hire Sëtz schliisslech an den USA), da kéint ee bäim Timber och d'Notioun vu Fair use gebrauchen. Sou laang kee Geriicht tranchéiert huet wéi en Droit sech applizéiert gi mer eis an deem Punkt relativ tolerant. --Otets 16:39, 1 Februar 2006 (UTC)

Clairefontaine änneren

Salut. Wann s de wëlls, da kann s de roueg d'Kapell aus dem Klouschter-Artikel eraushuelen fir en eegenen Artikel, well vun der Kapell sinn nach Fotoe prett. --Cornischong 19:50, 2 Februar 2006 (UTC)

Joo - Nee - Ech wees net ???? --Pasbal 20:39, 2 Februar 2006 (UTC)

Kënnt den Numm Rodange och vun der fränkescher Sipp "Petto", grad wéi Péiteng??? --Otets 20:09, 3 Februar 2006 (UTC)

Oops! --Pasbal 20:30, 3 Februar 2006 (UTC) Ass verbessert! --Pasbal 20:33, 3 Februar 2006 (UTC)

Gudden Owend Pasbal. "ass eng Pistoul, déi ënner Lizenz vun der belscher Firma FN Herstal gebaut ginn ass." - Do hun ech e puer Froen: Staamt d'Lizenz vun der FN (also: Lizenz vun der belscher Firma FN Herstal) oder ass et datt se gebaut gi vun FN, an zwar ënner Lizenz? - "ginn ass", dat heecht jo, se gëtt net méi gebaut. Wéi laang ass se gebaut ginn? Marci. --Cornischong 18:49, 11 Februar 2006 (UTC)

Nowend: d'Waff ass kuerz virum 2te Weltkrich vu Browning entweckelt gin (ëm 1935). Ech hu selwer awer ni eng Browning gesin, well all déi déi ech gesin hun, komme vun der FN Herstal - esouwäit ech wees (dat muss ech awer nach eng Kéier konfirméiere loossen) - baut FN Herstal d'Waff, mais Browning huet d'Lizenz. Ech hu schons lang keng "néi" GP méi gesin, déi déi ech gesin hun sin all aus de 50er, 60er oder 70er Joeren, sou dass ech devun ausgin, dass FN Herstal se nët méi baut - ech mengen, mais och dat loossen ech nach konfirméieren, dass FN Herstal exclusif op eng néi Pistoul emgeswitcht ass, deer hieren Numm ech nët kennen, mais déi awer e Kaliber 5,7 mm huet. --Pasbal 19:03, 11 Februar 2006 (UTC)


Du hues do en Artikel "STEYR AUG" ugefaangen. Mär hunn awer schonn en Artikel "Steyr AUG" (fir d'Software sinn dat zwee verschidden Titelen). Kéins du vläicht alles beieneen an ee vun deenen zwee setzen? --Otets 18:53, 11 Februar 2006 (UTC)

OK - ass gemet - de STEYR AUG ka geläscht gin! --Pasbal 19:16, 11 Februar 2006 (UTC)

Ass geläscht. --Otets 19:25, 11 Februar 2006 (UTC)

Salut. Dat mat der Lëscht gëtt natierlech e Problem wéinst de Biller. Mer hätt besser, mer setzen d'Biller an d'Artikelen an ernimme se just op der Lëscht. Oder mengs de, mer setzen s'an d'Artikelen a sollen d'Lëscht fale lossen? Dat wier ze diskutéieren. --Cornischong 11:40, 12 Februar 2006 (UTC)

Ech geng d'Lëscht nët fale loossen - an d'Bild ass jo nëmmen eng Kéier an der Database, duerfir ass et jo kee Problem, wann et op deer enger an aanerer Platz ass. Mär mussen och un déi Léit denken, déi sech hei nët auskennen, an nemme kommen, vir eppes ze sichen. Wann se d'Lëscht mat de Biller fannen, kommen se vun do op d'Säite mat den Artikel, an ëmgedréit ass och interessant. --Pasbal 11:56, 12 Februar 2006 (UTC)

Kee Problem. --Cornischong 12:04, 12 Februar 2006 (UTC)

Vu datt mer grad vu Lëschte schwätzen: kéins de w.e.g. nei Waffenartikeln och an eis "Lëscht vun den Handfeierwaffen" verlinken? --Otets 15:59, 12 Februar 2006 (UTC)

An deem Kontext nach eng Bezeechnungsfro: ass d'Mi .50 gläichzesetze mat der "Browning H2HB" aus eiser Lëscht an d'MAG mat der "FN MAG"? --Otets 16:10, 12 Februar 2006 (UTC)

JO - dat ass schons richteg! - --Pasbal 18:35, 12 Februar 2006 (UTC)

Ech war dat. Mee wann ech dat do gesinn .... All Respekt. --Cornischong 21:16, 12 Februar 2006 (UTC)

A amt esou enger Maschinn solle mär deen nächste Krich wannen? So mer awer nach: Wéi ass et mam Verbrauch? (Ech mengen, ech hätt deen net fonnt) Mat engem Tank vu 95 Liter! --Cornischong 22:13, 12 Februar 2006 (UTC)

Hallo Pasbal,

es geht um das Bild Image:ERMESINDE Graf vum Ermesinde.jpg. Ein deutscher Verlag hat sich per E-Mail an das deutschsprachige Support-Team von uns gewandt mit der Frage, ob er das Foto für eine Zeitschrift verwenden darf. Da aber keine Lizenz auf der Bilderseite angegeben ist, hat der Verlag Zweifel und möchte natürlich keine Urheberrechte verletzen. Laut Bildbeschreibungsseite bist du der Fotograf. Bitte ergänze doch eine Lizenz (eine Creative Commons Lizenz wäre natürlich praktisch), wenn gewünscht kann ich auch den Kontakt zum Verlag vermitteln. Schreibe dann bitte eine kurze E-Mail an info-de@wikimedia.org mit dem Betreff "Re: [Ticket#2006042010012314] Anfrage Bildrechte". Danke. -- de:Benutzer:Raymond 21:52, 21 Abrëll 2006 (UTC)