Les Meloures 17:13, 2. Jan. 2009 (UTC)Äntweren


Kleng Info:

Wann et ee Bild op commons gëtt brauch een et net nach eng Kéier eropzelueden. Et brauch een da just den Numm ze kopéieren an an der lb:Wiki anzesetezen.

Réimesch Fasces
Den Artikel Fidel Castro, deen dir op d'Wikipedia gesat hutt, huet nach keng Kategorie.
Denkt wgl. dru fir an der Rei iwwer de Kategorien {{DEFAULTSORT:Numm}} anzesetzen. Mat Numm ass de Lemma vum Artikel gemengt. Wann de Lemma nëmmen aus engem Wuert besteet an deem keng Ëmlauter sinn brauch den DEFAULTSORT net agesat ze ginn. Bei Persounennimm gëtt de Familljennumm als éischte geschriwwen, an ouni Ëmlauter. Beispill: Müller gëtt Muller geschriwwen.

Dat hëlleft fir den Artikel automatesch ze sënneren an ass wichteg wa Schabloune mat agebonnene Kategorien am Artikel stinn.
Wann dir Hëllef braucht sot wgl. engem Administrateur op senger Diskussiounssäit Bescheed.

Capus-Quell? änneren

Moie Mulles49,

flott dass de deem Capus-Artikel méi Gehalt gëss; ouni Zweiwel verdingt dee Mann et, dass méi iwwert e bekannt gëtt. Just eng Fro: Ass deng Quell deen Artikel, deen ënne steet, oder hues de Anerer? An deem Fall wier et gutt, du giffs se, als Foussnout oder Literaturreferenzen ënnen, derbäischreiwen.

E schéine Sonnden,

--Zinneke 09:25, 29. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren


Moien Zinneke,

ech hun aaner Quellen, déi ech zum Enn vum Artikel uféieren.

Scheinen Owend


--mulles 16:25, 29. Mäe. 2009 (UTC)Mulles49


Keltesch a Kelten änneren

Moien, just e Wuert Explikatioun: ech hunn deng Viruleedung vu "Keltesch" op "Kelten" nees geläscht, well "Keltesch" geduet ass fir déi Sprooch, wärend "Kelten" dat Vollek/déi Kulturepoch bezeechent. --Zinneke 12:41, 8. Abr. 2009 (UTC)Äntweren

Éischten oder Zweeter Weltkrich? änneren

Moie Mulles, just eng Fro: du hues am Artikel Meechtem iwwer d'Zäit am Krich geschriwwen. Do schéngt et mer, wéi wann eppes duercherneegerode wier, well Amerikaner a Russesch Krichsgefaangener gouf et dach wuel am Zweeten, mee net am Éischte Weltkrich am Museldall? --Zinneke 13:09, 19. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Moien,

dach am Éischte Weltkrich goufen et scho russesch Krichsgefaangener am Museldall. Ech kennen zwou Fotoën déi dat dokumentéieren : eng vum Russelager bei Meechtem an eng vun hirem Réckzug vum 18.11.1918.

Ok, merci, alt nees eppes bäigeléiert ;-) Sinn déi Fotoen iren am Domaine public? Da wier et natierlech intressant, se an den Artikel anzebauen... --Zinneke 14:55, 19. Mee 2009 (UTC)Äntweren

Äntwert änneren

Moie Mulles49,
deng Interventioun op menger Diskussiounssäit ass intressant. E puer Erklärungen bleiwen awer nach nozedroen:

  • Kuck der emol den Text vun der Schabloun "EnCours" un. Do steet geschriwwen: Ass méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel g'ännert ginn, ka jiddereen dës Schabloun nees eraushuelen, fir ze verhënneren, dass den Artikel onnëtz blockéiert ass. Also war ech am Recht wéi ech se erausgeholl hunn. Iwwregens: Ech si net deen, deen dës Schabloun gebastelt huet a si besteet an dëser Form schonn zënter dem 21. Oktober 2008, ouni dass iergendeen sech doriwwer opgereegt huet.
  • Et ass net normal dass, wann een d'EnCours-Schabloun agesat huet, en zweeten an den Artikel fummele geet, an herno iwwer deen hierfällt deen se no 3 Deeg Inaktivitéit eraushëllt.
  • Dir, däi sympathesche Wiki-Kolleg an du, hätt kënnen eng Notiz stoe loossen dass Dir zesummen zu 2 um Artikel schafft an nach länger Zäit dru schaffe géift. Dat wir kloer gewiescht a jiddereen hätt dat respektéiert.
  • Bei Wikipedia gëtt et kee Comité oder soss e Kontrollgremium. Jiddereen ass perséinlech verantwortlech fir dat wat e schreift. Jiddereen huet d'Recht Artikelen ze verbesseren, esou gutt ewéi e kann. Wann's du dech elo op de Schlips getrëppelt fills, da war dat nie meng Absicht, esou wéi et och nie meng Absicht war dech ze verbesseren. Ech hu lediglech am Text e puer orthografesch Feeler festgestallt an hu versicht déi ze verbesseren. Fir mir elo Schoulmeeschterei firzewerfen fannen ech net fair.
  • Mat denger Ausso, et géife vill ze vill Artikelen als Skizz bestoen, ginn ech der vollkomme Recht. Leider gouf et eng Zäit wou verschidde Benotzer matenee gereibert hunn fir déi meeschten Artikelen unzefänken, mat der Bemierkung "e Fouss an der Dir" oder "Ulaf". (Sie wollten onbedéngt als ganz aktiv Editeuren opfalen). Bis haut hunn déi et awer nach net fäerdeg bruet hir ugefaangen Artikelen ze completéieren, sie späitzen awer haut déck Téin a falen iwer déi aner Benotzer hir.
    Meng Devise war, ass a bleift: Qualitéit viru Quantitéit.
    --Pecalux 13:28, 24. Jun. 2009 (UTC)Äntweren

Merci fir deng Äntwert.

A menger Interventioun schwätzen ech jo och net vu Recht hun oder net fir de Chantier opzehiewen. Ech hun op de gesonde Mënschverstand higewisen. Op de Schlips getrëppelt fillen dinn ech mech och net ech si kee Pintschert. Schoulmeeschterei war och elo net prezis op déi sougenannt Verbesserunge vum Artikel gemënzt, ma meng allgemeng Meenung. Ech hunn och net dovu geschwat datt ech mech verbessert fillen. Mir gong et haaptsächlech ëm deng Remark (Schantgen, no 3 Deeg Inaktivitéit, zougemaach) beim Ophiewe vum Chantier. Mäi Wiki-Kolleg (firwat s du sympathesche Wiki-kolleg geschriwwen hues weess ech net...)an ech hunn iwwregens an d'Notiz gesat datt mir zesumme gengen dru schaffen. Op et elo besser ass dat den Auteur vum Artikel dra schreiwt et geng méi lang daueren oder deen, deen de Chantier wëllt ophiewen den Auteur freet op e fäerdeg ass, kann een diskutéieren besonnesch bei engem méi langem Artikel. Bei ugefaangene kuerze Bäiträg (de Gros geng ech soen) stellt d'Fro sech och fir mech net.
Fir mech ass elo dës Diskussioun eriwwer. Ech wärt haut oder ma nach zousätzlech Informatiounen an den Artikel setzen.

Iwwregens sinn ech frou datt mir déi selwecht Meenung iwwer déi Onmass Skizzen hunn. Mir ass et och datt der do sinn déi absolut an der Hitparad vun de meeschten Artikelen (ugefaangen an net fäerdeg gemaach) ënner den TOP TEN wëlle sinn.--mulles 16:56, 24. Jun. 2009 (UTC)

éischt Buergermeeschtesch: wee war fir? änneren

Moien, war d'Astrid Lulling net och 1970 Buergermeeschtesch vu Schëffleng ginn? De geneeën Dag wees ech awer weder vun der Mme Flesch, nach vun hir. --Zinneke 19:34, 9. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

"... gouf si 1970, als éischt Fra iwwerhaapt, Buergermeeschtesch vun der Stad ..... ": D'Madame Flesch war déi éischt Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. Ass do iergendeen Zweifel? Well de Mulles mat Zäit an d'Bett geet, äntweren ech alt, fir d'Spannung e bëssen ze déiden. Gär geschitt. --Cornischong 21:07, 9. Jul. 2009 (UTC)Äntweren

. änneren

Merci, dem Här Linckels Är Hëllef unzebidden. Ech selwer wunnen do e bësse wäit ewech vum Schoss. --Zinneke 22:58, 20. Jul. 2009 (UTC)Äntweren


Salut Mulles49,
Ech hunn sou eng däischter Ërënnerung wéi wann de Ferdy Kübler nach e Brudder gehat hätt deen och Course gefuer ass. Vläicht wess du eppes dovunner? Les Meloures 16:15, 7. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Salut,

Pardon, datt ech mech mëllen ouni gefrot ze sinn. Op der Websäit vu TEBAG steet eppes vum Ferdy Kübler sengem Budder Max, deen ëm d'Liewe koum. Ob de Max K. Course gefuer ass, oder net, oder ob de Ferdy nach en anere Brudder hat dee Course gefuer ass, hunn ech net erausfonnt.--Fliedermaus 16:57, 7. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Salut, also dee vun deem ech schwëtzen heescht secher Ferdi an ech hunn e Bild gesinn wou hie virum Départ vun der Etapp niewen dem Jang Goldschmii steet. --88.207.233.83 22:36, 7. Aug. 2009 (UTC)Äntweren