--Zinneke 16:01, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Dat ass op alle Fall eng gutt Saach. Ëm dës Zäit huet net jiddereen eng Bretzel (eng ganz!!) doheem leien. D'Foto ass ganz an der Rei! Eng kleng Saach awer nach (an ech war lo just amgaang drun ze fréckelen). D'Software vun der Wikipedia mécht d'Fotoen e bësse méi däischter, dofir ass et zimmlech wichteg, datt d'Fotoen allerhand hell eropgeluede ginn. Ech hu se méi hell gemaach an ech luede se mol erop. Da kann s de der och emol ukucken, wat s de bei d'Bildbeschreiwung hischreiwe solls. Et ka jo duerchaus sinn, datt se an enger anerer Wikipedia opdaucht, an da soll däin Numm derbäo stoen! --Cornischong 00:14, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Italieenesch änneren

Ech hunn dir en it-1 bäigefléckt. --Briséisβρισεισ 03:10, 7 Abrëll 2006 (UTC)

Festival vu Cannes änneren

Ech hat och eng Foto mam rouden Teppëch vum Casino. Well do mat Gitteren alles zougesat war, war déi Foto nët sou gutt wéi déi vum Casino mat de Fänderem rondrëm. Nujee, Du kanns dat dann nohuelen.--ernmuhl 15:46, 25 Abrëll 2006 (UTC)

Gudden Owend. War et dat? --Cornischong 20:01, 25 Abrëll 2006 (UTC)

Op deng Fro (Kino) änneren

Nee ech hun net direkt eng Lëscht, et gëtt esou vill iwwert de Kino ze schreiwen, fuer roueg lass. Wanns du eng Lëscht hues so mer déi vläicht, da maachen ech alt net direkt en Artikel iwwert deng Préférenzen. Johnny Chicago 23:18, 25 Abrëll 2006 (UTC)

Skizzen a Kategorien änneren

Gudden Owend. Wéini eppes eng Skizz ass? O jei, eng genee Mooss gëtt et net. Looss mer mol soen: Déi mikroskopesch Textercher vun engem 3/4 Saz (déi a leschter Zäit Moud gi sinn) si sécher eng Skizz. Op deem aneren Enn vun der Lëscht stinn Artikelen, déi sech gewäsch hunn; d.h. mat Aféierung, uerdentlechem Text, mat Literatur asw. Wat dertëschent ass léisst sech net esou praktesch beurteelen. Eigentlech ass en Artikel, deen net fäerdeg ass eng Skizz! Zu de Kategorien: Ech si frou, wann d'Alexandra nees erëm ass (den 11. Mee), well dat kënnt sech domat besser aus. Du gesäiss, bei de lëtzebuerger Pachtéier hu mer just eng Kategorie "Kathoulesch Geeschlecher". Ech hätt léiwer, mer hätte fir déi lëtzebuergesch eng eegen, well méi spéit kann et zu Gewurschtels kommen. Eng genee Äntwert gëtt et gewëssermoosse net. Geet dat der mol fir elo duer? :-) --Cornischong 21:26, 8 Mee 2006 (UTC)

Virwëtz änneren

Ech hunn der am Stamminet op deng Fro geäntwert. --Zinneke 20:34, 31 Mee 2006 (UTC)

Halli. Tabell ok. Direkt ufänken. That's it Folks! --Cornischong 01:44, 1 Juni 2006 (UTC)

Theisen Foto änneren

Halli. Déi Interview-Foto ass technesch ganz (!) an der Rei. Just wéi ass et mat der "Lizenz" an der Source. Wien huet d'Foto gemaach a wien huet d'Rechter? Wat ass der jpg Editioun vum Plakat geschitt? --Cornischong 22:11, 11 Juli 2006 (UTC)

Halli. "D'recommandéiert Formater si JPEG fir Fotoen," steet op der "Eroplueden" -Säit. Wanns de d'Plakat a jpg. ëmgebastelt kriss, ass et am beschten. Bei der Source huele mer dann "Archiv Andy Bausch" an dann ass dat an der rei. ok? --Cornischong 13:08, 12 Juli 2006 (UTC)

Juliette Faber änneren

Moien, just als Explicatioun: Ech hunn deng Referenz zum Doud vun der Juliette Faber op der "Kierzlech Verstuewen"-Säit nees erausgeholl, well dat scho méi laang wéi "kierzlech" hier war, an et op der Säit 2008 agedroen. Kinns de just nach vläit am Artikel selwer eng Foussnout setzen, wou dat nozeliesen ass, ech hunn mat engem kuerze Gegoogels näischt zu der Fra hirem Doudesdag fonnt. --Zinneke 08:02, 17. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Ech sin dat privat gewuer ginn, aus secherer Quell ... mol fir eng Kéier keen Internet ... Melusina 09:13, 17. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Ok, merci, an der Rei. Du verstees, datt et grad bei Doudesannoncen net egal ass, wann do iertimlech eppes stéing, wat net stëmmt, an ech dofir léiwer eng Kéier zevill nofroen.--Zinneke 14:02, 17. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Sign Languages in lb.wiki änneren

ciao, come stai?? vorrei contribuire con degli articoli sulle lingue dei segni, della cultura e della comunità dei Sordi in lb.wiki.. ma non conosco la lingua lussemburghese.. mi daresti una mano a tradurre nelle mie sandbox?? :) --SurdusVII [LIS] 15:37, 18. Jul. 2015 (UTC)Äntweren