• Ma dat ass emol flott, fir Hëllef hei ze kréien. Wanns de nach Froen oder Virschléi hues, da looss se kommen. Mat der lëtzebuerger Sprooch ass et besonnesch um Ufank net esou einfach, mee maach der keen décke Kapp domat, zesumme kréie dat och an de Grëff. --Cornischong 12:58, 17 Oct 2004 (UTC)

Artikelen aus aneren Wikien änneren

Ech äntweren der alt, well d'Briséis elo net virum Apparillo sëtzt. Du däerfs ouni Problem Artikelen oder Deeler dervun oder Biller oder Fotoen aus aneren Wikipediaen iwwersetzen an hei erasetzen. Kee Problem. Kuck villäicht awer ob et deen nach net hei gëtt. ok? --Cornischong 13:17, 17 Oct 2004 (UTC)

A vu mir: Pass awer op waats de iwwersetz:-) Well bei eise Noperen steet leider allzeoft e bësse Kabes:-) Nach eppes, hu gelies du wiers vu Bäreldeng, ech jo och:-) Kräizung BGL hei:-) Fir all anere Krom: Wikipedia:Wëllkomm ass en Tutorial fir nei Leit, dee Schrëtt fir Schrëtt e bëssen erklärt wéi alles leeft:-) --Briséis 16:03, 17 Oct 2004 (UTC)

eischten Artikel änneren

hu main eischten Artikel ugefang "Sonata Arctica". kontrolléiert w.e.g op ech näischt falsch man gi na net richteg eenz heimader:)

Sonata Arctica änneren

Tipp Topp. E puer Saachen: 1.) Wanns de iergendwou op enger Diskussiounssäit eppes geschriwwen hues, da solls de dat "ënnerschreiwen". Dat geet esou: Du (mär duzen äis gewéinlech alleguer) setz hanner däin Text (dat hei güellt awer net fir d'Artikele selwer! Do geschitt et automatesch) zwee Bindestrécher an 4 Tilden. Da kënnt am Text däi Nickname mam Datum an Auerzäit hinn. 2. Wanns de un engem Artikel schaffs, an wëlls spéider nach dru weiderschaffen, da setzt de ganz uwen zwou geschwonge Kalmeren "{", dann ouni eidel Plaz "EnCours" an erëm zwou geschwonge Klameren "}". Da wees jidfreen, datts de dru schaffs, an et geet keen dra wurschtelen. Wanns de dann mat dem Artikel fäerdeg bass, läscht de däin

  Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

. Alles klar? --Cornischong 14:46, 17 Oct 2004 (UTC)


De Kolléisch ass baal komplett änneren

Salut Max !!! Vun dier hun ech nawell schon lang naischt mi gehéiert. Wanns mesch nët mi kennen solls, kuck mol an main Profil dann geet der vlaischt eng Spaischerliischt op ;) Vier den Rescht wenschen ech der nach vill Spass hei. --Karlthegreat 21:11, 22 Oct 2004 (UTC)