--Zinneke 21:11, 29 Juli 2007 (UTC)

Salut,

Wanns de wells nei Kategorie maachen déi déi aner Struktur op d'Kopp werfen dat brengt näischt.

Mer hunn an alle Länner déi selwecht Struktur an déi gëtt och net geännert dees dat géif eng Kéier vun der Majoritéit esou ofgestëmmt ginn.

Deng Iddi ass am Fong richteg, an mer hunn ons och schonns de Kapp driwwer zerbrach mee well dat eng Heedenaarbecht gëtt a mer nach keen Numm dofir hunn losse mer et léiwer beim Alen.

Maach der näischt doraus mir ass et am Ufank net besser gaangen. Les Meloures 14:20, 30 Juli 2007 (UTC)

Tjo mir fueren awer hei net nom däitsche Wikisysteem, mir sinn och net an der däitscher Wiki. Les Meloures 14:29, 30 Juli 2007 (UTC)


Salut Jeff pez,

De Problem ass datt bei den Andeelunge vun de Categorys vun den Uertschaften et keng Hierarchie gëtt, an datt am Ufank decidéiert gouf alles ënner Uertschaft ze klasséieren. Als Uertschaft gëtt alles betruecht wat z.b zu Lëtzebuerg an der Lëscht vun den Uertschaftnimm steet. Wann et dann eng Gemeng ass déi nëmmen aus enger Uertschaft besteet oder wann am Uertschafts-Artikel och d'Gemeng déi de selwechten Numm huet beschriwwe gëtt, kënnt d'Category Gemengen derbäi. Wann et eng Stad ass kënnt d'Category Stied och nach derbäi, oder Groussstied, oder wéi an Däitschland mat den Ënnerdeelungen Kreesstied.

Wanns de elo gäeren dem Kategorie-Baam noleefst musst de uewen ufänken. z.B. Category:Uertschaften. Da geseis de fir d'éischt fir water Länner et déi Category gëtt. Wanns de da bei deem Land op d'Pluszeeche virun dem Numm vunn der Kategory klickst geséis de op se nach eng Kéier no ënnen opgedeelt ass. Bei de Stied a Groussstied ass et dat selwecht.

Et ass net schlëmm wanns de mol vergësst déi eng oder aner Category anzedroen. Et gëtt ëmmer erëm een deem dat opfällt an dat dann nohëllt. Wanns de mengst eng Category géif gebraucht ginn setz se einfach mat ënnen drënner oni se weider no uewen ze leeden. Da steet se rout do a kënnt an d'Lëscht vun de gewënschte Kategorië stoen. Déi Lëscht gëtt reegelméisseg nogekuckt an ugepasst. Wichteg ass datt iwwerhaapt eng vun de Kategorien agedroen ass, wou d'Saach dra passt. De Rescht ass Detailsaarbecht.

Dann nach eppes:Bis op e puer Ausnahmen sinn d'Kategorien op der der lb:Wiki all an der Méizuel. Et soll een och ëmmer wann et an enger Kategory eng Hierarchie gëtt, den Artikel an déi um ënneschten Niveau androen, well déi jo automatesch no uewe weider geleet gëtt.

Dann nach eng Bemierkung zum Schluss: Du hues warscheinlech gemierkt datt an dengen Artikele vill verbessert gouf. Géi der déi Verbesserungen mol der Rei no ukucken da mierkst de wou's de Feeler gemaach hues. Doduerch léiers du bäi an déi aner hunn duerno manner Aarbecht fir dat ze maachen a si kënnen da weider dru schaffen fir d'lb:Wiki ze verbesseren, wat dir jo wann ech dat richtig verstanen hunn ganz wichteg ass.

Dofir zum gudden Artikel gehéiert och derzou datt keng Feeler dra stinn. Dat ass méi wichteg wéi Detailsaarbecht an de Categorien.

Wanns de nach eng Fro hues, zéck net a fro einfach. Les Meloures 08:45, 31 Juli 2007 (UTC)

Salut,

Wanns de de Lippmann benotzt hues wéi ass da méiglech dass nach sou vill Feeler an den Artikele sinn. Du kanns der jo roueg d'Verbesserungen ukucken. Mee daat schéngt och zevill verlaangt ze sinn. Wanns de dat gemaach häs, wieren der vläicht e puer Feeler opgfall déi s'de systematesch méchst. D'Dier klaken ass einfach.

Trotzdeem merci fir deng Artikelen déis de gemaach hues.

Just zur Info nach wanns de gäre wisst wéivill Artikele jidderee geschriwwen huet kuck der emol dës Säit unn Nei Säiten. Do kanns du der jiddereen eraus sënneren. Vläicht schwätzt de dann net méi vun deenen Artikelen déi kee geschriwwen huet. Les Meloures 20:35, 31 Juli 2007 (UTC)