--Zinneke 22:40, 22 November 2006 (UTC)

Salut

Kuck w.e.g. do: Talk:Jang de Blannen

Grofschaften änneren

Salut,

Ech machen elo no an no d'Navigatiounsläischte fir D'Grofschaften

Eng steet schon am Artikel England. Déi trëfft awer hei warscheinlech net zou.

Déi aner komme no. Les Meloures 18:30, 7 Dezember 2006 (UTC)

Gudden Owend. Schéin, datt ech déi Saach mat de Grofschaften emol erklärt kréien. --Cornischong 18:46, 7 Dezember 2006 (UTC)

Rebonjour,
Ech sinn amgaang dat ganz och mol ze liesen datt mer eng ordentlech Struktur do dra kréien. Ech réckelen elo mol den Artikel Grofschaften op en anere Numm. Ënner Grofschafte fale jo och déi a Kanada an Amerika a fréier Grofschaften um Kontinent. Et ass nach méi komplizéiert wéisst de mengst.
Mä dat geet schonns an d'Rei

Hartlepool änneren

Kuck emol do w.e.g. Talk:Hartlepool Les Meloures 10:29, 8 Dezember 2006 (UTC)

Gudden Owend,

Et misst vläicht opgepasst ginn datt net Stied a Grofschafte verm¨scht ginn ausser si hätte ganz genau de selwechten Territoire. Ech gleewen net daat dat dacks de Fall ass. London a Greater London sinn z.B zwou verschidde Saachen, da kënnt nach City of London déi erëm en onofhängegen Distrikt ass. Et ass net einfach mat den Englänner :-)) Les Meloures 21:15, 9 Dezember 2006 (UTC)

Ass fein, mä ënner waterengem Lemma wellst de dee machen Les Meloures 11:17, 10 Dezember 2006 (UTC)
Wat Läschen ubelaangt sou séier gëtt neischt proposéiert fir ze läschen sou laang wéi et e bësselche Kapp a Fouss huet. Du hues der jo scho vill Méi gemaach met de Grofschafte vun England. Een Artikel iwwer Grofschaft am allgemenge wir net schlecht oder een iwwer Englesch Grofschaften. Awer maach do wéis du wellst. Et steet jo jidderengem fräi déi Kontrubitiounen ze bréngen déi hie fir gutt fënnt. Wanns de iwwer Grofschaft am allgemenge wellst schreiwen brauchst de nëmmen an den Artikel ze goen deen et schons gëtt an de Redirect eraus ze werfen. D'Linken déi drop lafe sinn an der Rei a brauche net extra verbessert ze ginn, dat ka gemaach ginn wann un dem respektiven Artikel geschafft gëtt. Also fäert net a fuer duer. Ech sinn elo fort bis haut den Owend. Wann e Problem wier kannst de awer froen,mä et dauert mat der Äntwert op mannst bis 11 Auer den Owend. Nach ee schéine Sonndeg Les Meloures 11:56, 10 Dezember 2006 (UTC)

Atlantik änneren

Problem geléist Les Meloures 16:38, 5 Januar 2007 (UTC)

Salut: Tip top déi Parteien Artikel Les Meloures 21:13, 6 Januar 2007 (UTC)

Gudden Owend. Wann s de lo nach weider "Kategorie" op "Kategori" änners, da kanns de den Tour nach eng Kéier maachen. --Cornischong 00:37, 9 Januar 2007 (UTC)

Salut Harry,
Setz wann ech gelifft Läschen net an Talksäit setz et op d'Haaptsäit wann den Talk nach eidel ass soss muss den Talk nach extra geläscht ginn. Wann awer eppes op der Talksäit steet du geséis jo um Reider iwwer der Säit op e rout oder blo ass dann och do dra Làsche setzen.
Merci fir d'Mathëllef Les Meloures 19:43, 9 Januar 2007 (UTC)

Gudde Owend. Du gesäiss alles. Zuguer dat, wat net do ass. Merci fir d'Stréchelcher. --Spierkelpäipel 22:56, 11 Januar 2007 (UTC)

Merci fir d'Hëllef bei der Category Football Conference. Ech war leider ënnerbrach ginn Les Meloures 20:38, 15 Januar 2007 (UTC)


Mineur Ännerungen änneren

Salut Harry-PC,

Wanns du eng ganz Rutsch vu klengen Ännerungen viirhëlls da klick weg ënnert dem Resumé déi Këschten "Mineur Ännerung" un.

Du kanns dat awer och ënner "Meng Preferenzen" (ganz uewen op all Säit vun der wiki) als 2default" astellen.

Dann ginn all déi kléng Ännerungen als mineur "m" an der Lëscht vun de rezennten Ännerungen ugewisen.

Merci am viraus. Robby 16:45, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde Moien. Zënter e puer Deeg gëtt bei Honnerte vu sougenannte Skizzen e Bildchen derbäigesat. Kanns du mer w.e.g. mol erklären, wat dat soll abréngen? Ofgesinn dovun, datt d' "Rezenten Ännerungen" oniwwersiichtlech ginn, verstinn ech net (an ech sinn domat net deen eenzegen), firwat dat iwwerhaapt gemaacht gëtt. Dat Ganzt kënnt mer sou iwwerflësseg vir wéi e Krapp. Ausserdeem ginn ech dovun aus, datt Ännerungen, déi mat der Struktur vun der Wiki ze dinn hunn, am Viraus ënnereneen ofgeschwat solle ginn, soss kënnt et nach zu weideren Amokleef. --Cornischong 00:24, 7 Mäerz 2007 (UTC)

Op- an Ofsteigen änneren

Gudde Moien Harry-PC,

mam Zerécksetze vun denge Kontributiounen wollt ech Dech op kee Fall blesséieren. Ech fannen et just net gutt wa mer Indikatiounen, déi eréischt an der Zukunft hir Richtegkeet kréien, an eis Artikele schreiwen. Ech verstinn Dech wanns du behaapts dass dësen oder dee Club steigen oder fale wäerd an ech gleewen Der et souguer. Trotzdeem géif ech et eréischt schreiwe wann se scho gestiegen oder gefall sinn. --Pecalux 08:23, 15 Mee 2007 (UTC)

Gudde Moien
Schléisse mech dem Pecalux senger Ausso un, an dat aus zwéi Grënn:
1) Aussoe fir d'Zukunft musse meeschtens ëmmer verbessert ginn, well se hypothetesch sinn.
2) Wat haut wäert sinn, ass jo dann eng Kéier. An deem Moment muss erëm verbessert ginn an erëm aktualiséiert ginn. Wann duerch irgend een Ëmstand den Artikelschreiwer dat net maache kann hun aner Leit dës Charge um Bockel, oder et gëtt vläicht ni gemaach.
3)Dat selwecht ass bei sou Sätz wei z.b. viru siwe Joer do soll een och d'Joer schreiwen, soss mus nächst Joer an aacht Joer ëmgebaut ginn.
Dat bréngt alles onnëtz Aarbecht mat sech, an et ass eng potentiell Feelerquell déi ee vermeide soll.

Les Meloures 09:04, 15 Mee 2007 (UTC)