--Cornischong 23:17, 6 Februar 2006 (UTC)

Luef ;-) änneren

Moie Fred. Merci fir d'Interview mam Gaston Vogel, well net jiddereen d'Méiglechkeet hat, dem Affekot Vogel seng Meenung zu deem Thema matzekréien. Ech geheien nach Bléck iwwer d'Schreifweis. Op dës Manéier si mer endlech nees "um leschte Stand" mat eisem Artikel iwwer eng Affär, déi nach ëmmer myteriéis ass. Et wier ganz interessant, wann s de eis nach kéins weider um Lafenden halen. --Cornischong 08:17, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Loo lossen ech dech nees ganz roueg mat den "Oscaren". :-)) --Cornischong 15:48, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Gudden Owend Fred. De Firwëtz fänkt ëmmer mat engem Fragezeichen un: Aus watfirengem Text ass dat Hesse-Zitat? --Cornischong 22:21, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Dat kann ech der lo mol net soen. Hunn et um Wikiquote fonnt. Anscheinend steet dat Zitat am Hermann-Hesse-Musée zu Calw op der Mauer... Hermann Hesse --Fred 22:55, 7 Mäerz 2006 (UTC)
Fir eisen Hesse-Artikel wäerte mer dat nach erausfannen. --Cornischong 23:00, 7 Mäerz 2006 (UTC)

"déi an der Branche (Altersstuf) AvEx sinn .." - Ech si warscheinlech schonns do eraus, mee sécher sinn ech mer net!?? --Cornischong 09:01, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Ech wees zwar net wéi aal dass du bass, mee ech gleewen schon... AvEx sin 11 bis 14 Joer aal. 1 --Fred 09:16, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Ganz duuss gefrot:Ech hunn elo d'Wopen e bëssen aus den Ae verluer: Sinn se all eropgelueden? Hues de wëlles, se an d'Këschten ze verfrachten? --Cornischong 00:48, 18 Mäerz 2006 (UTC)

Bla bla änneren

An dann hänken ech mech direkt drun un: Bass du vum Cents? Well deng Foto vum Buergbrennen um Cents kann ech novollzéien. Ech war och do. Myriam 23:02, 7 Mäerz 2006 (UTC) h

Ech hu mol um Cents gewunnt. Sin do nach an de Scouten a war dofir och um Buergbrennen. Momentan wunnen ech awer zu Stroossen. --Fred 23:07, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Da verstinn ech dat, mäi Meedchen ass dëst Joër fir d'eischt bei den Cents'er Scouten derbäi, a fir d'éischt am Fakelzuch matgaang. Dowéinst huet mech d'Foto gefreet, déi éischt war nach ze verbesseren, mee déi's du dra gesat hues war gutt. An dat se dann och nach vum Cents war... Myriam 23:20, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Ech huelen un, dass et dann bei de Biber ass. Ech si Chef bei den Avex (11-14 Joer). Villäicht gesäit een sech jo dann eng Kéier... :) --Fred 00:02, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hun der eng E-mail geschéckt Myriam 23:40, 7 Mäerz 2006 (UTC)b

Ech mengen do ass e Problem: ech hu kee Mail kritt ... Myriam 23:46, 7 Mäerz 2006 (UTC)
Mir? Ech krut näicht. --Fred 23:58, 7 Mäerz 2006 (UTC)

Nee, effektiv, dee geet net duerch. Myriam 00:04, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Lo sin ech dann och mol no komm... :) Meng Emailadress war nach net bestätegt an ech konnt dofir nach näicht geschéckt kréien. Lo misst et awer goen.

Salut, am Prinzip schonn ech hun déi viru kuerzem nei (wéi heescht dat op lëtzebuergesch?) "agréeiere" gelooss iwwer d'Wiki Myriam 00:09, 10 Mäerz 2006 (UTC) Dat ass komesch. Ech kucke muer. Bis dann Myriam 00:22, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Péiteng: Genee esou!! Da wäerte mer och mierken, watfir nach feelen. --Cornischong 00:24, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Mullefoto änneren

"Geet dach": - Jojo, geet normalerweis och. Mee lo war nees Knuet an de Serveren. --Cornischong 01:40, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Konstitutioun änneren

Ech weess et net. Mee ech hunn net gär Ännerungen ouni Erklärungen. Ech hunn et emol zréckgedréit, mee mer missten dat nokucken. --Cornischong 22:34, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Wope Stad Lëtzebuerg änneren

de Wope vun der Stad Lëtzebuerg (et handelt sech jo theoreetesch em den nationale Wopen [1] mat méi enger einfacher Kroun) weist 2 Feeler op: (1) de Schwanz ass net gespleckt ("la queue fourchue et passée en sautoir"), (2) et sinn 11 amplaz 10 Sträifen ("burelé d'argent et d'azur de dix pièces"), weess du net wou ee kann e richtege fannen?--Marcus 13:06, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Nee, leider net. Mee wanns du e besseren fenns, därfs de en gären ersetzen. --Fred 16:21, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt änneren

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt änneren

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)