Salut. Op dës Säit schreiwen "déi Aner" der Matdeelungen. Wann s de deenen äntwers, schreifst de se op deenen hir *Diskussiounssäit". Viergiess net, wann s de deenen eppes geschriwwen hues, z'ënnerschreiwen mat 2 "-" an 4 "~" (da kënnt d'Datum an dàin WikiNumm dohinner stoen). Iwwerlies awer mol fir d'éischt [[1]]- Säit. Wann nach eppes ass, da mell dech. --Cornischong 18:05, 13 Jun 2005 (UTC)

Op deng Benotzersäit knns de schreiwe, wat s de wëlls. Do schreift kee Aner der eppes drop. --Cornischong 18:07, 13 Jun 2005 (UTC)

Physik, Chimie a Mathe änneren

Ma da bass de dee Richtegen op der richteger Plaz. Ech hu beim Artikel "Gravitatioun" mol d'Linken op déi aner Wikipediaen "lénks" an de Bord gesat, da kanns de der mol ukucken, wat déi sou hunn. --Cornischong 18:15, 13 Jun 2005 (UTC)

Natierlech kanns de en Artikel ufänken an dann eng Paus maachen. Mee wann s de lo 50 ufaäks, dat gëtt et e b¨¨esse staark. Mat de Biller: Ech weess jo lo net wat s de weess. Du kanns Biller uas anere Wikipediaen "eriwwerhulen" (mee lies op alle Fall mol hei d'Gebrauchsanleitung (!), da muss de oppassen mam Copyright (et geet j o net fir egal wat dorüemmer ze klauen). Watfir Biller sichs de dann? Villäicht kann een der hei hëllefen. --Cornischong 18:42, 13 Jun 2005 (UTC)

Ee Moment ! änneren

Do gëtt et schonns kribbeleg: Den Einstein huet d'Relativitéitstheorie bestëmmt NET esou erkläert. Mer kënne hei net Iergendeppes behaapten, et wier schonns fäin, fir Quellen unzeginn!! An et bréngt guer näischt, fir "Artikelen" mat zwee, dräi Sätz unzefänken, a se dann stoenzeloossen, soss hu mer op eemol e puer Honnert Grimmel-Artikelen dorëmmer, déi näischt duerstellen. Kuck der emol déi vun der däitscher Wikipedia un, da kanns de der e Bild maachen, wat do rullt.--Cornischong 18:47, 13 Jun 2005 (UTC)

Kuck der emol deenen anere Wikipediaen hir Relativitéitstheorie-Artikelen un; déi schaffe schonns laang drun, an hu villäicht dat, wat s de sichs!! --Cornischong 18:51, 13 Jun 2005 (UTC)

Witz a Seriöses änneren

Tjo, mee dat hei ass kee Witzblat!! Nach eng Kéier: Kuck der mol a Rou z.B. den Artikel "Relativitätstheorie" an der däitscher Wikipedia un (do kënns de drun, wann s de lénks op déi jeweileg Sprooch klicks). Lies och mol iwwer "Eis Schreifweis" (de Knäppchen ass op der Haaptsäit!), well d'Lëtzebuergescht ass um Ufank net "evident"!!

roum an engem Dag änneren

Lues, lues. Du wolls elo an engem Otemzuch e ganz décke Batz schlécken. Wann s de kucks, dann ass deen däitsche Artikel net en engem Owedn geschriwwe ginn!! Do ass iwwer Méint dru geschafft ginn!! Dee Virdeel, dee mär elo hunn: Mär kënnen deen däitschen Artikel iwwersetze an en an déi Lëtzebuerger Wiki dra setzen! Dat geet och net an enger halwer Stonn, mee et geet vill méi séier, wéi en iwwerhaapt opzesetzen. Also huel der roueg Zäit fir d'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen no an no ze léieren an da kanns de mol ufänken, den däitschen z'iwwersetzen (ufänken!!). Da kucken ech (oder den Otets, deen daucht nach herno op) e bëssen driwwer wéinst der Schreifweis. Wier dat net eng gutt Saach an e gudden Training? --Cornischong 19:14, 13 Jun 2005 (UTC)

Dat kniwwelegt Lëtzebuergesch änneren

Dréck der déi Säit am beschten eraus an dann hëlls de all Dag virum Schlofegoen e puer Regelen. Net alles beieneen. Schéi gemitterlech. Mar ass nach en Dag. No an no wäert et rullen. --Cornischong 19:18, 13 Jun 2005 (UTC)

Wann s de eppes geschriwwen hues (net an engem Artikel), da kanns de deng "Ënnerschreft" direkt hannendru setzen, an dat Ganzt an enger Kéier afspäicheren. ok?


Ech si géint eng Auer nees do. --Cornischong 19:59, 13 Jun 2005 (UTC)

Schantjen op änneren

Salut. Bei dengem "Relativitéitstheorie"-Artikel hun ech der e Schanjen opgemaach; d.h. da kënnt e Schëld dohin, wat zielt,, datt hei een amgaang ass ze schaffen. Da geet keen der dru fummelen, an du kanns ongestéiert weiderschaffen, wann s de Zäit a Loscht hues. Um Ufank wëll een an engem Ulaf d'Welt ëmrappen. Mer kennen dat alleguer. Mee lo kanns de dat lues a lues maachen, an da gëtt dat schonns tiptop. Du weess jo, wann eppes ass, da mells de dech. Du kanns jo och engem eng richteg Mail schécken (déi keen anere gesäit), wann s de op der lénker Säit (vun deem senger Säit; Usersäit oder Diskussiounssäit) op "Dësem Benotzer eng Email schécken" klicks. Dat fir elo. --Cornischong 22:27, 13 Jun 2005 (UTC)


Iwwersetzen änneren

Stop!!!! Ech sinn net iwwerzecht fir den Artikel einfach z'iwwersetzen. Eigentlech wollt ech jo dësen Artikel och nach schreiwen nodeems ech mam A. Einstein färdeg wär. Dofir wär ech frou wann mir dee selwer kinnten opsetzen an net einfach iwwersetzen. --Alexandra 06:46, 14 Jun 2005 (UTC)

Ech géif souwisou kengem roden, eng integral Iwwersetzung vu risegen Artikelen ze maachen, well do ass ee soss deeglaang dermat am gaang an et huet een zum Schluss ganz einfach d'Flemm. Ech hat dat och emol versicht, mam Resultat, datt den Artikel bis haut nach net fäerdegiwwersat ass. Et ass besser, d'Haaptssache kuerz a prägnant a just e puer Abschnitter ze explizéieren. Spéider kann een dat dann ëmmer nach ausbauen. Fir esou e Minimum zesummenzekréie kann ee sech natierlech och an der de-wiki oder fr-wiki oder en-wiki etc. inspiréiren, Deeler iwwersetzen, aneres selwer schreiwen, etc. grad wéi een ebe mengt, datt et am beschte wier. --Otets 10:29, 14 Jun 2005 (UTC)

Iwwerliesen änneren

Salut. Kee Problem mam Iwwerliesen. Hei krabbelen souwisou kritesch Geeschter iwwer d'Bühn. Fuer roueg weider mam Schreiwen. (A vergiess net all Owend e puer Pëllen "Lëtzebuerger Schreifweis" ze huelen!) --Cornischong 23:07, 14 Jun 2005 (UTC)

De Cornischong war grad net do, do hunn ech op deng Opfuerderung reagéiert a bäim Mole-Artikel e wéineg weider- an ëmgeschriwwen. Du kanns dat Thema awer roueg weider ausbaue wann s de wëlls, ech hunn dat op kee Fall fir mech reservéiert, au contraire. --Otets 23:16, 14 Jun 2005 (UTC)

Eppes anescht: Kéins du w.e.g. am Thermodynamik-Artikel nach derbäischreiwen, watfir Unitéiten zu deer Formel gehéieren. An anere Wierder, ass d'Temperatur a Grad Celsius, Fahrenheit, Kelvin, etc.? --Otets 23:23, 14 Jun 2005 (UTC)


Relativ änneren

Nee, nee, schreif du roueg weider. Mir sollen jo all zesummen schaffen. Dat ass guer kee Problem. :-) Ech wollt domat just soen, dass ech net immens iwwerzeecht sinn fir einfach alles ze kopéieren vun enger aner wiki an just z'iwwersetzen, mä dass mir eis eegen Artikelen sollen schreiwen. Et kann een sech natiirlech ëmmer drun orientéieren, mä et stëmmt och net ëmmer alles wat di aner esou schreiwen. Dofir eegen Recherchen sinn net vu Mutwëll..... :-) Op eng gutt Zesummenaarbecht --Alexandra 07:35, 15 Jun 2005 (UTC)

Mol Mole änneren

Gudde moien. Kuck emol, wat ech op der Diskussiounssäit vu "Mole" geschriwwen hunn. --Cornischong 09:25, 15 Jun 2005 (UTC)

Mathematesch Formelen änneren

Ech hunn och nach ni eng Formel geschriwwen, dofir kann ech leider net aus Erfarung schwätzen. Mee op der Meta hu se eng Säit wou déi LaTeX Syntax ausféierlech beschriwwen ze si schéngt: Meta formula help. --Otets 12:59, 15 Jun 2005 (UTC)

Formelsäit änneren

Eng mathematesch Formelsäit "Mathematesch Formelen" (oder sou) däerfs de zu all Moment opmaachen. Kee Problemo! Looss et fletschen! --Cornischong 08:23, 17 Jun 2005 (UTC)

Et wier awer och praktesch, wann een d'Formelerklärungen net nëmmen extensiv op engem Formelblat, mee am Résumé kuerz och nach an de jeweilegen Artikel selwer kéint setzen. Oder fënns de dat net esou gutt? --Otets 13:26, 17 Jun 2005 (UTC)

Ech giff virschloen ausser esou enger Säit wou alles dra steet och nach esoueng Tabell ze maachen fir bei d'Artikelen, oder? --Alexandra 13:35, 17 Jun 2005 (UTC)

Maach emol grad wéi s de mengs datt et gutt wier. Duerno kann ee jo nach ëmmer kucken, op a wat ee mat cut/paste vun Artikel op Formelblat oder ëmgedréint kann oder soll maachen. --Otets 18:02, 17 Jun 2005 (UTC)

De Problem ass, datt an der Schoul och just alles op Franséisch geet, dofir hunn ech net onbedingt ëmmer eng Iwwersetzung parat. Mee ech géif soen, dat ass dee Moment dann och net esou uerg, well jiddereen déi Termen dann och esou a Gebrauch. --Otets 18:34, 17 Jun 2005 (UTC)

Schonn op? änneren

E schéine Gudden. Wann s de op enger anerer Wikipedia (op iergendenger!) e bild fënns, dann däerfs de dat ouni Problem "iwwerhuelen". Bei der Beschreiwung vum Bild (wann s de d'Bild eroplueds, da drécks de änneren, an da gëss de an: *Sujet: .... Source: ...) muss de awer uginn, wouhier s d'et hues. Kuck der mol einfach eent vun de Biller, déi schonns hei sinn un (Klick drop --> an da kuck s de wat ënne steet). Also kee Problem. A wou ech dech elo um Apparat hunn, ech si frou datt hei mol e Mathematik- Physik- a Chimiesmann um Wierk ass. Mee dat nëmme nierwebäi. A fir de Rescht: Viru mam Jabel. --Cornischong 07:42, 18 Jun 2005 (UTC)

D'Lizenz sollt och ugi sinn (op d'mannst wann ee se weess). Dat ass meeschtens GFDL oder Domaine public. --Otets 12:44, 18 Jun 2005 (UTC)

luew vun engem fan änneren

ech si komplett impressionéiert! och wann ech net weess wat faktoriséieren heescht!!!

merci marraine --DaffyDuck 17:34, 18 Jun 2005 (UTC)

an dräi gedeelt änneren

Salut. Du hues ganz Recht. Maach einfach nei Säiten op. A wann s de alles op déi nei Säite kopéiert hues, da sess de mer einfach Bescheed; da läschen ech déi "al" Säit. Alles klaro? Däi Fanclub ass och schonns mobiliséiert, ech fannen dat fantastesch. --Cornischong 19:03, 18 Jun 2005 (UTC)


Formelen an esou weider änneren

Also dat mat dem Formelblad gesäit jo scho ganz super aus. Ech sinn déck begeschtert dass mir een richtegen Kenner op dem Gebidd elo hei hunn. Mat der Tabell wees ech och net esou richteg wéi een dat kann handhaben. Ech gesinn nämlech dass dat et risegrouss Gebidd mat dene Formelen ass. Vlaicht hues du eng Idee? Kuck dir emol d´Tabellen aus denen aneren Artikelen un, wéi déi vun de Länner, Vitaminnen, Déieren, Planzen ..... asw. Ech hat un eppes an der Richtung geduecht. Lo kennen ech mech natierlech net genug an der Physik, Chimie an Mathe aus fir ze wëssen wat do uwendbar ass. Mir kinnten eis jo zesummen eppes ausdenken. Mam Einstein mach dir do keng Gedanken. Et ass genug Plaz do dass jiddferee kann eppes schrweiwen. Am Moment hunn ech och esouwéineg Zeit dass ech net gudd dorunn kommen fir vill méi ze schreiwen :-) --Alexandra 20:34, 18 Jun 2005 (UTC)

Lo hu er e Problem änneren

Du has mech gefrot fir iwwer däin text ze kucken, an .... ech hunn et gemaach!!! A wéi ech mäint wollt ofspäicheren, do war schonns een am gaang. ... Ech hu mäint dann emol ofgespäichert! Fir datt näischt soll verluergoen, hunn ech awer och deng Saache sécherheethalber gespäichert.

Kuck emol meng "Verbesserungen" no, an da kucks de och, ob eppes verkuergaangen ass vun deem, wat s de während menge Verbesserunge g'ännert hues. So mer Bescheed. --Cornischong 21:20, 19 Jun 2005 (UTC)

Weess de, mat de Feeler: Dat geet jiddferenem um Ufank esou. Wann s de der se ukucks, da mierks de, u wat et hänkt. Mer maache Fortschrëtter :-) --Cornischong 21:39, 19 Jun 2005 (UTC)

A well et esou schéin ass, maache mer et duebel änneren

E schéine Gudden. Do ass wierklech eppes duebel. Dat war villäicht bei eisem Accrochement geschitt?Ech ginn awer léiwer net drun. Kann s de dat Duebelt läschen? Merci. --Cornischong 17:52, 20 Jun 2005 (UTC)

Roum -- an engem Dag?? änneren

Halli. Wat s de bei deenen "Anere" gesäiss, dat ass net engem Dag oder an enger Woch gemaach ginn. Wann s de der mol deenen hiren "Historique" ukucks, da ginn et iwwerall Artikelen, déi aus e puer Grimmlecher zesummegebastelt si ginn; ee fänkt mat eppes un, eng Zäit duerno kënnt deen Een oder deen Aneren a leet nees e Päfferkär mat derbäi. Mär mussen eis geleegentlech wéi Pionéier virkommen. Et geet heiandsdo méi lues, mee et rullt. --Cornischong 20:46, 20 Jun 2005 (UTC)

Ma dann och emol hallo vu Paräis :) Hei ass eng Afenhëtzt mee soss gefällt et mer awer wonnerbar. Ech si richteg traureg wann ech elo gläich nees 3 Méint zu Lux sinn hehe. Mee dono duerf ech jo nach 2 Joer hei ofsëtzen. Ech war wéinst den übleche Studenteleiden Enn Mee/Juni elo eng Zäitchen manner present, mee lo hunn ech jo nees Wiki-Zäit :-) Ahjo, an ech këmmere mech, wéi soll et anescht sinn, ëm de Geschichtsrayon :-)

Bis denne.

--Briséisβρισεισ 08:35, 21 Jun 2005 (UTC)

"Cartesianech" --> Cartesianesch. --Cornischong 17:39, 21 Jun 2005 (UTC)

Du hues eng. --Cornischong 07:46, 26 Jun 2005 (UTC)

Analys? änneren

Nom Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch (dat fir mech am Moment d'"Bibel" ass) well mer nach ëmmer näischt Anescht hunn (an 't ass och näischt an Aussiicht): eng Analys, analyséieren, analytesch, eng Psychos, eng Mimosa (!) Mimosen, MEE: (an do hunn ech d'Gefill, déi wieren iwwert hir Féiss gefall): "eng Psych(o)analyse". --Cornischong 08:00, 26 Jun 2005 (UTC)

Ass fort. --Cornischong 11:46, 26 Jun 2005 (UTC)

Kee Problem, dat kucken ech nach no, awer net onbedéngt direkt, soss kéinte mer eis op d'Féiss trëppelen :-). --Cornischong 19:54, 27 Jun 2005 (UTC)

Aner Sprooch änneren

D'Softwareversioun 1.5 ass amgaang iwwerspillt ze ginn. Dat féiert zu "komesche Saachen". Ech hunn datwelwecht. Looss dech domat net dronke maachen. --Cornischong 21:26, 27 Jun 2005 (UTC)

Jo bei mir spréngt en och heiansdo ëm op englesch an dann nees op lëtzebuergesch. Ass awer net weider schlëmm -> "It's not a bug, it's a feature" :-) --Briséisβρισεισ 00:54, 28 Jun 2005 (UTC)

E schéine (oder wéi seet een do) Stage wënsche mer der alleguer. Komm mat Zäit erëm, well du gëss hei gebraucht. Bis dann. --Cornischong 12:45, 30 Jun 2005 (UTC)

Ma dat liese mer gär. --Cornischong 08:46, 10 September 2005 (UTC)

Moien. Schéin datt s de nees an der Arena bass. Dat mat de Biller:Do muss ech mech kierz faassen, soss gëtt et e Roman: D'Lizenz, ënner deeër an der Wikipedia d'Biller sollen (anerer soe:mussen) eragesat ginn, ass GFDL. Dat bréngt mat sech, datt d'Biller vu "jiddferengem" kënne gebraucht ginn, fir egal wat. Zuguer, an dat ass de Krop (!!) fir kommerziell Zwecker!! Mat deeër Virstellung fillen sech Munneger hei iwwerrumpelt, well an eise Konditioune stoung bis viru ganz Kuerzem, datt een se och kéint erasetzen mat der Konditioun, datt se NET däerfe fir kommerziell Zwecker gebraucht ginn. Op Nofro hin, krute mer ënner anerem vum Oberzampano (iwwert eng Member vun der Wikimedia) gesot, wat bei mär uewen op dëser Säit steet. Well an der franséischer Wiki eng eege Kategorie existéiert fir Biller, déi dës Restriktioun hunn (an dora sinn iwwer 600 Biller!) a well et an der engleschsproocheger d'Méiglechkeet gëtt, Biller ënner fair use asw. eranzesetzen, eppes, wat déi léif Leit eis net wëllen zougeston, war zumindest den Johnny Chicago an ech net enchantéiert. Ech kéim mer "komesch vir", wann herno iergendeng kommerziell Firma meng Fotoen géif huelen, fir Reklamm ze maache fir egal wat. Desweidere war de Problem, datt déi nei Software (1.5) agestallt ass, fir no an no bei de Biller d'Metadaten (wat fir e Fotoapparat ass benotzt ginn, mat watfirenger Blend ass d'Foto gemaach ginn ,,,) verëffentlecht. An dobäi sinn den Johnny chicago an ech der Iwwerzeegung, datt déi Daten kee Mënsch eppes uginn!! Mee se loossen sech aus de Biller eraushuelen. Lo hu mer e bësse Waasser an de Wäi geschott, an da misst et rullen. Méi kuerz goung et elo net. DA kënne mer un eiser Zëppche weider brutschen. :-) --Cornischong 06:50, 19 September 2005 (UTC)


Dat ass kee Problem, dofir si mir jo all do, jidderee hellëft dem aneren :-) --Alexandra 07:47, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Mail do