Iwwer den Numm änneren

Gudde Mëtteg Bimbam. Wann de lëtzebuergesche Numm vun der "Tuberkulose" Tuberkulos ass, dann hu mär wuel e lëtzebuergesche Numm: Sarkoidos. Als Ausgangspunkt fir en Artikel wier deen aus der däitscher net iwwel (mengen ech alt emol), da kann een deen nach mat der Zäit ausbauen. --Cornischong 16:07, 29 Jan 2005 (UTC)

Merci Cornischong, de Numm loossen ech mol léiwer esou stoen, am Text selwer kann een dat jo änneren, Dokteren die schreiwen nun émol net op lëtzebuergesch! A wann een eppes sicht, da schreiwt e jo fir d'alleréischt emol dee Numm deen ee kennt. Ech hu schons um Text geschriwwen, a wäert deen och geschwënn an de Wiki setzen! Do ass bestëmmt nach dran ze verbesseren. Ech hun och wëlles emol e Bekannten ze froën op dat hien géif intresséieren, hien ass méi schlecht drun wéi ech! An hien kennt vill méi driwwer! Ech hun léiwer och emol den Text mat net zefill medezinesch Wierder verfaast. Vill Texter am Internet sinn einfach net fir jiddereen. Hei soll fir jiddereen sinn! Mat beschte Gréiss Bimbam 19:51, 29 Jan 2005 (UTC)

Gudden Owend Bimbam. Et ka gutt sinn, dass dat hei fir d'éischt ass, datt e lëtzebuerger Numm fir dat "Déngen" ernimmt gëtt. Du schreiws iwwer de Problem mat den "zevill" oder "zevill medezinescher Wierder". Ma dat kréie mer jo an de Grëff mat de Links (all "komplizéiert" Wuert ka jo verlinkt ginn mat engem kuerzen Artikel, deen dat erklärt). Neen, deen Artikel soll net d'Leit fäerten dinn mat komplizéiertem Gedeessems. Iwwregens waarde mer och nach op en Artikel iwwer Tinnitus, dat jo och eng "rätselhaft" Krankheet ass. Et wier ganz léiw, fir ze hëllefen, den däitschen z'iwwersetzen; dann hu mer mol e Fong. Iwwer d'Situatioun hei am Land musse mer (mer!?) eis da selwer këmmmeren. Wëllst de dech emol drëm këmmeren, fir eenzel Kapitelen z'iwwersetzen? Merci. --Cornischong 20:14, 29 Jan 2005 (UTC)

Den däitschen Text ass intressant, awer et ginn Saachen drann di vläicht net esou stëmmen. Z.B. steet do, dat 1 % dru ka stierwen, aaner Quellen, schreiwen och vun 5 % domat sinn ech léiwer virsichteg! Waat Schreiwweis vu Sarcoïdose ugeet, sinn ech einfach der Meenung, datt och dee frans. richteg ass, ech hu geléiert, datt e frans. Wuert roueg am lëtzebuergeschen esou geschriwwen kéint ginn! Ech hoffen, datt nach aanerer hiert derzou bäidroen kënnen! Ech sinn iwwerzeecht datt och ech nach emol dra verbessere ginn! Merci, fir d'Aarbecht, d'war flott eng fäerdeg Säit ze virzefannen! Bimbam 20:55, 29 Jan 2005 (UTC)

Ech hunn nach de Link zu dem Artikel an der franséischer Wikipedia bäigesat. Kuck der deen och emol un. Mat deene Saachen, déi "vläicht net esou stëmmen": Jo, et soll ee virsichteg sinn, besonnesch mat kriddelege Saachen ewéi medezinesch Artikelen. Ech mierken, datt der den Numm um Mo läit. Mer maachen einfach e "redirect", sou datt Leit déi "Sarkoidose" antippen, och op der richteger Plaz landen. An nächster Zäit wäert ech Bäistand bei engem Sproochmates huelen. Dat kënne mer dann nach ëmmer änneren. Vergiess net, datt d'Artikelen zu all Moment kënne verbessert ginn. Kee Problem. Dat ass jo d'Essenz vun der Wikis-Iddi. --Cornischong 21:29, 29 Jan 2005 (UTC)

Intern Links an Interwiki Links änneren

Sali

Mir ënnerscheede bei de Wikipedia-Saachen tëscht Interen an Interwiki-Links.

  • Intern Links: Links op der lëtzebuergescher Wikipedia, déi eppes mam Thema ze dinn hunn. Als Beispill: am Artikel Orakel vun Delphi gëtt et een interne Link op Griichesch Orakelen.
  • Interwiki-Links: Déi linken op deeselwechten Artikel an enger anerer Sprooch, also an enger vun den anere Wikipedia'en. Bei groussen "internationalen" Themen (wéi zB Krankheeten) kucks de am beschten op d'Englänner en Artikel dozou hunn, a kopéiers all déi aner Interwikilinks och bei eis eriwwer. En Interwikilink presentéiert sech ënnert der Form [[de:Sarkoidose]], also ëmmer de Sproochkierzel (de, en, fr......), Doppelpunkt, Numm vum Artikel an der anerer Sprooch. Well déi englesch Wiki déi komplettst ass, huelen ech se ëmmer vun do. Da muss de manuell och deen englesche Link nach bäisetzen, well déi hunn dee jo net an hirer Lëscht stoen, well et jo hiren eegenen ass, an eise Link bei d'Englänner bäisetzen ([[lb:NummvumArtikelbeieis]]) fir ze weisen datt et eis och gëtt :-)

Daat klengt am Ufank e bësse chineesesch, mee daat gëtt alles eng Gewunnegt, keng Angscht :-)

--Briséis 09:39, 30 Jan 2005 (UTC)

Méi a méi änneren

Salut Bimbam. Ech kommen elo just vun engem Virwëtzbesuch aus der Däitscher erëm a war verwonnert, datt sech esou Villes am Sarkoidos-Artikel g'ännert huet. Gelies hunn ech et awer nach net. Ech wäert mech lo mol dru ginn. Zu der Vakanze-Krankheet: Da versuerg dech gutt. --Cornischong 17:07, 7 Feb 2005 (UTC)

enCours änneren

Moien du schaffs do un deem Artikel Sarkoidos kanns de mol kucke fir an Zukunft emmer de panneau {{enCours}} vier an en Artikel ze stelle wanns de nach amgaang bass un deem ze schaffen. Soulaang haells de se leit wei Briséis, Cornischong a mech dovunner of an den Artikel wullen ze goen, well dat ka jo mol beis Problemer gi mat de Versiounen wann der zwee glaichzäiteg drunner bastelen. Ah an nach e klengen Tipp, falls de deen nach net solls kennen : Wanns de vill Text schreiws : maach et am notepad oder an engem anere Schreiwprogramm (notepad ass awer am Beschten) a späicher en oft genuch a kopeier en reischt dono eran an d'Wikipedia. Vierwat ? Et si Leit dei hu scho Stonnen un engem Artikel geschafft mee du wollte se späicheren a well dunn d'Wikipedia Späicherproblemer hat war d'Arbescht futsch. À bon entendeur salut ;) --Karlthegreat Diskussioun 00:02, 8 Feb 2005 (UTC) MERCI Bimbam 10:47, 8 Feb 2005 (UTC)

Lëtzebuergesch Sprooch, schwéier Sprooch änneren

Coucou.

Maach der keen allzedécke Kapp wéinst dem Lëtzebuergeschen. Du bass do net deen eenzegen, deen sech domat erëmklappt :-) Verschidden Artikelen hätt ech och méi séier do stoen, wann et net ëmmer un der Sprooch ging happeren :-)

--Briséis 11:28, 8 Feb 2005 (UTC)

Synchron änneren

Salut. Heiandsdo denken der Zwee mateneen un déi selwecht Saach. --Cornischong 16:56, 13 Feb 2005 (UTC)

Granulom änneren

Resalut: Et wier fäin, wanns de kéins der aus der däitscher oder englescher den Text vun hirem Artikel "iwwerdroen". (De Link ass schon do) Op déi Manéier hätte mer e richtegen Artikel. Wann's de e Problem hues, da mell dech. ok? --Cornischong 17:38, 13 Feb 2005 (UTC)

Kierch vun der rëmelénger Poar Saint Sébastien änneren

Sali. Ech weisen dech drop hinn datt den Titel vum Artikel extrem schlecht gewielt ass, well 1. ze laang -> ech hunn et op de méi passenden Titel Kierch Saint Sébastien (Rëmeleng) geréckelt (Rëmeleng a Klamere well ech net wees wéivill St Séb-Kierche mer nach kréien) an 2. well den Titel am Dialekt ass. Ech perséinlech hunn nix géint Minetter, ech soe selwer e Goart an eng Toart (13 Joer Esch... :-) ) mee d'Wikipedia soll "héichlëtzebuergesch" bleiwen.

-)

--Briséis 18:16, 17 Feb 2005 (UTC)

Kierchleches änneren

Salut Bimbam. Aha, dat ass mol eppes ganz Neies. Ech hunn et nach net gelies, mee eng Fro hunn ech schon. Wéi ass et mat Fotoen? --Cornischong 20:46, 17 Feb 2005 (UTC)